Iwwermuer ass Ouschterdag. Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

Carte Blanche Georges Hellinghausen

Ouschteren ass fir d’Chrëschten dat gréisste Fest vum Kierchejoer. D‘Opersteeung vu Christus no sengem Kräizesdout op Karfreideg gëtt do gefeiert. Si ass de Mëttelpunkt an den Zement vum chrëschtleche Glawen. Si hält alles zesummen, mat hir steet a fält alles. Kee Wonner also, dass d’Ouschterfest net nëmmen eemol am Joer gefeiert gëtt, mä all Woch eng Kéier, an zwar all Sonndeg. Zwar huet de Sonndeg an eiser Sprooch an am Däitsche säin heednesche Numm behal – den Dag vun der Sonn, „dies solis“. Mä an de romanesche Sprooche gouf et den Dag vum operstanenen Här, den „dies dominica“, dohier „dimanche“, „domenica“ asf.

An de Sonndeg, als Dag vu reliéiser Bestätegung, Dag vun der Famill an Dag vun der Fräizäit an Erhuelung vun der Aarbecht feiert dëst Joer e Jubiläum. Et war de Keeser Konstantin, éischte philo-chrëschtleche Keeser aus der réimescher Antike, dee per Gesetz de Sonndeg als verflichtend fräien Dag fir d’ganzt réimescht Imperium agefouert huet: Den 3. Mäerz 321 – also viru 1700 Joer. Mat Konsequenze bis haut.

De Sonndeg, klengt wëchentlecht Ouschterfest, ass eng vun eisen zivilisatoreschen Errongenschaften, déi et mordikus ze verdeedege gëllt, an zwar fir d’Mënschen alleguer.

Nëmmen eemol ass dee roude Fuedem ënnerbrach ginn. D’franséisch Revolutioun wollt et besser wëssen an huet de jüdesch-chrëschtleche Kalenner fir e puer Joer ersat duerch de republikanesche Kalenner. Deen hat keng siwen Deeg, mä zéng – well mer zéng Fanger an Zéiwen hunn, wat den Dezimalsystem als rationaalt Gebilde legitiméiert. An do war de fräien Dag net méi den éischte vu siwen, mä den zéngten. Spéitst de Napoleon huet a realistescher Aschätzung vun den Traditiounen de Sonndeg an d’7-Deeg-Woch erëm agefouert.

D’Kierch feiert also 52 Mol am Joer Ouschteren, Sonndeg fir Sonndeg. A wann dee fräien Dag all Mënsch zegutt kënnt, ob gleeweg oder net, dann ass dat och haut nach eng gutt Saach.

Georges Hellinghausen