Eng duerchgoend Vëlospist tëscht der Stad an der Gare. Doriwwer kann ee sech freeën an dann awer och nees net. Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf.

Carte Blanche vum Richard Graf

Firwat net éischter? Dat ass d'Fro, déi engem duerch de Kapp geet, wann een déi fuschnei Piste laanscht d'Nei-Avenue vum Pont Adolphe bis zur Paräisser Plaz mam Vëlo erof- oder erop strampelt.

E Freideg gouf se mat - pandemiebedéngt - reduzéiertem Tamtam ageweit.

Joerzéngtelaang ze spéit, fir déi, déi reegelméisseg mam Vëlo tëschent der Stad an der Gare ënnerwee sinn. An dach e bësschen ze fréi, well grad op der Paräisser Plaz de Konflikt mat de Foussgänger virprogramméiert ass. Deenen hir Amenagementer sinn eréischt am Juni fäerdeg.

Spéitstens wann dann am Summer, dann déi - nom Lydie Polfer - „schéinste Strooss aus der Stad“ ganz fäerdeg ass, an d'Pist ausgibeg vun de Vëlosfuerer genotzt gëtt, da wäert d'Fro opkommen, firwat se net no der Paräisser Plaz einfach riicht aus weiderleeft.

Neen, d'Vëloe mussen, wa se vun der Neier Bréck erofkommen, an nodeem se de ganzen Zäit op der rietser Stroossesäit gerullt sinn, no lénks, iwwert d'Autospueren an Tramsschinnen, an d'Origer-Strooss fueren, an dann no rechts an d'Al Avenue ofbéien.

Fir déi, déi op Bouneweeg-Nord oder op d'CFLs-Gare ënnerwee sinn, mécht dee Schlenker sécherlech Sënn.

Awer déi, déi zum Beispill op Hollerech oder Gaasperech wëlle kommen, musse virun der Gare den Tram eng zweete Kéier kräizen, an dann tëschent onbeduechte Foussgänger an Foussgängerinne Slalom fueren, well déi u sech luxuriéis Piste tëschent en Trams- an en Bus -Arrêt agequëtscht ginn ass.

Datt Konflikter hei net d'Ausnam, awer d'Reegel wäerte ginn, ass souzesoe virprogramméiert, schliisslech handelt et sech bei der Gare Centrale ëm dee wichtegsten „Pôle d'Echange“ vum ganze System.

Dat Ganzt erënnert dach staark un déi Problemer, déi och déi fir d'Vëloen ausgebaute Al Bréck matsechbruecht huet: wärend et op der Bréck rullt, sinn d'Konflikter Richtung Uewerstad, hannert dem Sammel-Arrêt vun de stättesche Busser um Boulevard Roosevelt, och net ze vermeiden.

Ob Nei Avenue oder Al Bréck – a béide Fäll handelt et sech net ëm provisoresch Léisungen, mä ëm definitiv Amenagementer, déi weisen, datt beim Plange fir d'Lescht un de Vëlo geduecht gouf.

An dat, trotz ville schéine Sonndesrieden.

De Staat a d'Gemeng weise sech hei gäre géigesäiteg d'Schold zou. Do wou allerdéngs eng gesond Konkurrenz d'Geschäft soll beliewe, fält ëmmer méi op, datt een deen anere boykottéiert. An dësem Fall um Bockel vun de Vëlosfuerer a -fuererinnen, déi zu Lëtzebuerg besonnesch vill Gedold beweise mussen. Freet sech just, wéi laang dem Trauerspill nach wäerte nokucken, ier se sech deen Espace, den hinnen zousteet, mat dann éischter onkonventionelle Methode wäerten uneegnen.