Fir iwwer eisen Alldag eraus ze verstoen, wisou mer eis als Gesellschaft an der Corona-Pandemie verschidde Reegele ginn, a wisou dee presuméierte Fräiheetsverloscht, dee mer heiansdo spieren, am Endeffekt dat méi klengt Iwwel ass, dofir werft de Roland Pinnel* a senger „Carte blanche“ e Bléck an d’Philosophie.

Carte Blanche vum Roland Pinnel

Fir eng gerecht Gesellschaft opzebauen, sëtze mer eis nom amerikanesche Philosoph John Rawls - bildlech geschwat -   alleguerten zesummen un en Dësch an handele Reegelen aus, déi fir jiddereen gerecht solle sinn. Am Moment, wou mir dësen hypotheetesche Gesellschaftsvertrag opsetzen, si mer hannert engem „Schleier-vum-Netwëssen“. Hannert dësem, wéi et am Originaltext heescht „veil of ignorance,“ bleift d’Geschlecht, d’Ethnie, den Alter, d’Intelligenz, de Gesondheetszoustand, d’Fäegkeeten, d’Educatioun an d’Relioun verstoppt. Als rational Mënsche kenne mer nom John Rawls alleguer déi selwecht Gerechtegkeetsprinzippien un. Déi gesellschaftlech Institutioune suerge schlussendlech fir d’Ëmsetze vun dëse Grondsätz.

Dorop opbauend, kéint ee soen, dass mir als Mënschen an als  Gesellschaft an der Corona-Pandemie gerecht handelen, wa mir eis Reegelen an eist Verhalen esou ausriichten, wéi wann hannert engem „Schleier-vum-Netwëssen“ jiddereen e (potentielle) Risikopatient kéint sinn. Déi staatlech Institutiounen hunn hirersäits dofir ze suergen, dass fir all Mënsch déi noutwendeg medezinesch Behandlung, am Fall vun engem schwéiere Krankheetsverlaf, garantéiert ass.  Onofhängeg vum Alter oder vum initiale Gesondheetszoustand.

Aus dem Rawls senge Gerechtegkeetsprinzippien ass awer och eng Onverletzlechkeet vum Mënsch ofleedbar, wouduerch individuell Fräiheeten engem Allgemengwuel net ënnergeuerdent dierfe ginn. Deem kann een allerdéngs utilitaristesch entgéintwierken. E Prinzip, no deem eng Handlung moralesch ass, wa se dee gréissten Notzen fir déi gréissten Unzuel vu Mënsche mat sech bréngt. Nom bekannteste Vertrieder vum Utilitarismus, dem Jeremy Bentham, wierke sech beispillsweis Agrëffer vum Staat an déi perséinlech Fräiheeten net negativ aus, mä kënne vill méi d’Viraussetzung bilde fir eis Fräiheeten an eis Sécherheet.

D‘Aschränkung vun individuelle Fräiheete suergt aktuell fir kontrovers Diskussiounen – zemools, wann d’Kollateralschied vun den Aschränkungen den Notzen a Fro stellen. Ouni iergendwellech Aschränkungen géif allerdéngs eise Gesondheetssystem iwwerlaascht ginn oder souguer kollabéieren. Eis Gesellschaft funktionéiert nëmmen, wann och eise Gesondheetssystem funktionéiert. Sou musse mer feststellen, dass déi aktuell Aschränkungen am Endeffekt d’Allgemengwuel vun eiser Gesellschaft garantéieren – an domat och eis Sécherheet an (paradoxerweis) eis Fräiheeten.

Eng nächst Kris kënnt wuel mam Klimawandel op eis zou – a wäert änlech moralesch Froen, wéi d’Coronakris, opwerfen.  Loosst eis zouversiichtlech a solidaresch bleiwen, fir och dës Kris ze meeschteren!

* De Roland Pinnel ass Éirendirekter vum Luxembourg City Tourist Office