De Marc Hostert ass Ekonomist a President vum Cercle Artistique de Luxembourg, Cal.

Carte Blanche vum Marc Hostert

Huet déi aktuell Corona-Pandemie nieft hire villen negativen Auswierkunge wéi zum Beispill op eis eeler Matbierger, op eis Schüler a Studenten, och e positiven Effet op eis Ausernanersetzung mat visueller Konscht hei am Land ? De Marc Hostert mat en puer Iwwerleeungen heizou.

Ech war iwwerrascht, wéi ech d'Titelsäite vun eisen zwou nationalen Illustréierten der Revue an dem Télécran vun dëser Woch niefteneen um Pult leien hat. Op den Titelsäite kee Prënz Philip, kee  Cahen, kee Kersch, kee Bausch, kee Schwaarzen och kee Virus oder Vaccin mäi Brandy, Lutz a Salvi.

Richteg Kënschtler, nämlech Moler. Ass dës Besetzung vun den zwou Titelsäiten an der selwechter Woch pueren Zoufall oder setzen dës Titelsäite bewosst déi visuell Konscht, déi eis villäicht méi wichteg gëtt (an a wéinst der Pandemie) dowéinst an de Fokus? Ass et déi normal Progressioun, d’Ophueljuegd vun engem Staat zur Natioun, fir sech mat senge Kënschtler auserneen ze setzen, wéi dat am Ausland de Fall ass? Huet duerch Corona dës Transformatioun u Vitess opgeholl?

Fakt ass, dass zanter dem éischte Lockdown am Mäerz 2020 eis Gesellschaft eng Vollbremsung gemaach huet. Näischt ass méi ewéi soss. Eis Mobilitéit, eis Fräiheete sinn drastesch ageschränkt. Mir hu méi Zäit fir eis, fir wakereg oder depressiv ze ginn. Mir kënnen eis iwwerleeën, wat an eisem Liewe wichteg ass, eis mat der Hyper-Consommatioun auserneesetzen, de Kader vun eisem Liewen iwwerdenken an eventuell nei gestallten.

D'Famill, Kultur an Natur si fir vill vun eis gewollt oder ongewollt bedéngt duerch Situatioun nees méi an de Mëttelpunkt geréckelt.

Den éischten Effet vun der aktueller Situatioun ass opgefall schonn dat lescht Joer. Et war eng besonnesch Atmosphär an der Ausstellung vum Jean-Marie Biwer am Mudam. Trotz Corona si ganz vill Leit dohinner an dacks erëm komm. Fir déi éischte Kéier an der Geschicht vum Musée war de Katalog scho wärend der Ausstellung ausverkaf an et huet missten eng zweet Oplag gedréckt ginn.

Méi rezent, bei der aktueller Retrospektiv vum Brandy am MNHA, den éischte Kënschtler, deen zu Lief-Zäiten eng Ausstellung vun dëser Envergure an dëser Institutioun kritt, wat eng Unerkennung vum Kënschtler an der Konscht-Zeen dierft sinn, si bis elo vill Leit a besonnesch vill Jonker komm.

Dëse Phenomen war och an der Ausstellung "Honnert 100  Joer Konscht zu Lëtzebuerg" ze gesinn, wou ganz vill Leit a och besonnesch vill Jonker waren. Um Salon vum Cal war dëst virdrun och schonn esou an e war esou gutt besicht wéi déi Jore virdrun.

Jo, eis Aktivitéite sinn an der aktueller Situatioun ageschränkt, mee positiv ass, dass trotz Corona oder wéinst Corona, vill Leit a besonnesch vill Jonker visuell Konscht consideréieren a re-consideréieren.

Ech wënsche mer, dass no Brandy, Lutz an Salvi nach vill aner Kënschtler op d'Titelsäit vun eisen Illustréierte kommen.