Ufank des Joers huet Impfcampagne ugefaangen an e puer Méint méi spéit sinn d'Zuelen nach net zefriddestellend. Dat huet verschidde Grënn an ee wichtegen dovunner: Vill Gesondheetsberuffer waarden nach ëmmer verzweiwelt op hiren Rendez-vous fir d'Impfung.

Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff

Et ass sécherlech och nach net Jiddereen decidéiert, mä d‘Infirmière a Presidentin vun der Infirmièresassociatioun ANIL, d'Anne-Marie Hanff, rifft dozou op, déi aktuell Debatte méi nuancéiert a konstruktiv unzegoen, spréch d‘Viraussetzungen ze schafen, dass d'Gesondheetspersonal sech iwwerhaapt impfen ka loossen.

De Virus huet eis all fest am Grëff. Et deet eis verzweiwelen, wann een déi eege Familljememberen, déi an enger Struktur liewen, säit engem Joer net méi an den Aarm huele kann oder wann de Virus ee vu senge Léifsten aus dem Liewe gerappt huet.

Och d‘Gesondheetspersonal, an dorënner d‘Infirmièren, hunn d‘Flemm. Eng vun eise Stäerkten ass d‘Empathie, d.h. Matfillen, sech an een era versetzen an esou de Betraffenen déi richteg Ënnerstëtzung ubidden. Allerdéngs, ass et am Moment eng immens Erausfuerderung mat ze FILLEN an NET mat ze LEIDEN.

Mir versichen eist Bescht, fir dat ganzt Leed, dat de Virus mat sech bréngt, sou gutt et geet opzefänken: De Familljememberen e gutt Gefill ze ginn, dass hire Bopa bei eis gutt versuergt ass oder de Betraffenen Hoffnung ze schenken, dass alles gutt gëtt. An dat bedeit ëmmer méi oft d‘Hoffnung op e gudden Doud. Dat zerrt un eise Kräften a mir fänken u mat ze leiden. Wat wënschen mir eis, dass den Virus endlech fort wier! „Ech kann net méi!“ „Wann dat sou weider geet, schmäissen ech d‘Handduch“ héiert een ëmmer nees.

Wann een als Infirmière da rezent Diskussioune matkritt, da fillt dat sech un, ewéi wann d‘Gesondheetspersonal, an dorënner och d‘Infirmièren, sech aus reng egoistesche Grënn net wéilten impfe loossen. Vill vun eis fille sech esou mëssverstanen!

Als Infirmière war et schonn ëmmer eng Selbstverständlechkeet, sech géint ustiechend Erkrankungen impfen ze loossen. Mir wëssen, wéi wichteg Impfungen sinn, fir Pandemien an den Grëff ze kréien. Natierlech wier et einfach ze soen, mir féieren elo eng Impfflicht fir d‘Gesondheetspersonal an, an dann ass de Virus verschwonnen! Mee sou einfach ass et leider net. Am Géigendeel: Et ginn ganz vill Onsécherheeten!

An och mir si Mënschen an och mir gi stänneg mat neien Informatiounen zu Niewewierkungen an der Wierksamkeet vun de Vaccine konfrontéiert. Och mir si veronséchert, wann aner Länner sech dofir entscheeden, bestëmmten Impfstoffer guer net méi anzesetzen.

Wat elo hëlleft? Kloer Informatiounen iwwert den erwaarten Notzen an d'Niewewierkungen. Suergen an Ängschten oppen diskutéieren an dat gëllt fir JIDDEREEN, well mir sinn ALL Deel vun der Léisung. Jo, et ass méi warscheinlech eng Thrombos duerch eng COVID-Infektioun ze kréien ewéi als Niewewierkung vum Vaccin. Fannt dir dës Info net och méi iwwerzeegend ewéi moraleschen Drock?

An mir sinn um richtege Wee: Et gesäit een, dass d’Impfungen bei den eelere Generatiounen e positiven Impakt hunn, an dass et manner schwéier Krankheetsverleef bei Leit aus där Alterstranche ginn. Et ass nach e laange Wee, mä dat ass e klenge Fonken Hoffnung, dass alles gutt gëtt – Och wann dat bedeit ze léiere MAM Virus ze liewen.

A fir all dat Gesondheetspersonal, wat verzweiwelt probéiert en Impf-Rendez-vous ze kréien: Mellt Iech onbedéngt bei äre Beruffsverbänn. Mir wäerten eis dofir asetzen, eng Léisung ze fannen.