Eng Viraussetzung fir eng positiv, nohalteg Entwécklung ass eng respektvoll Haltung vis-à-vis vun alle Mënschen, egal wéi eng Hautfaarf, Iwwerzeegung oder Behënnerung si hunn. Awer och vis-à-vis vun alle Liewewiesen an der ganzer Ëmwelt.

Eng Carte Blanche vun der Presidentin vun der Asti an d’Reaktiounen a Commentairen dorop hu mir ze denke ginn.

Et gëtt an der Ëffentlechkeet net genuch gewierdegt, datt d’Lëtzebuerger Schoul immens vill zur Integratioun vu Kanner mat auslänneschem Hannergrond, mat enger anerer Hautfaarf, mat engem Handicap oder mat sozialen Defiziter bäidréit. Trotzdeem ginn et och Problemer an de Schoulen an op déi däerf een opmierksam maachen, ouni ze verallgemengeren. Awer och ouni datt een duerno sou schlëmm op soziale Medien attackéiert gëtt, datt ee sech genéidegt fillt, eng Plainte ze maachen.

Dës Affär weist eemol méi, wéi einfach een op Facebook a Co een attackéieren a mobbe kann. Dacks ass den Auteur vun esou "Posten" sech der ganzer Tragweit vu sengen Attacken net bewosst. Leider ass a Schülerkreesser däraartege Mobbing heefeg. Awer net nëmmen do.

Dësem Phenomen läit eng bedauerlech Entwécklung zu Gronn, déi an all Beräicher sech breet mécht: d’Respektlosegkeet.

Mir respektéieren deem Anere seng Meenung net, grad esou wéineg wéi seng Iwwerzeegungen, säi Glawen oder allgemeng säin Aneschtsinn.

Dat heescht awer och ëmgekéiert, datt déi, déi anescht si wéi d’Majoritéit, hir Iwwerzeegungen an hir Liewensweis net däerfen dem Rescht vun der Gesellschaft imposéieren oder sech vum Rescht vun der Gesellschaft ofschiermen.

Genau wéi mir mussen déi, déi anescht sinn, respektéieren, hu mir och Recht drop, respektéiert ze ginn. Mir däerfen erwaarden, datt Efforte gemaach ginn, fir sech an eis Gesellschaft ze integréieren.

Ech erwaarde mir awer och, datt eis Politiker d’gutt Beispill ginn a méi respektvoll mateneen ëmginn.

Respekt ass eng Grondhaltung, déi keng Verallgemengerungen zouléisst a kee vu vir ran ofstempelt. Et ass vill méi wéi Toleranz, déi just den aneren toleréiert. Eng respektvoll Grondhaltung ass vis-à-vis vun all Mënsch, ouni Ausnam, néideg, egal wéi eng Hautfaarf, Iwwerzeegung oder Behënnerung hien huet. Dat geet awer nach méi wäit: Mir mussen och eng respektvoll Haltung entwéckele vis-à-vis vun allen Elementer vun der Schöpfung, alle Liewewiesen an hire Liewensraim, sou wéi eise Grand-Duc et kierzlech an engem Interview gefuerdert huet. Eng respektvoll Grondhaltung ass d’ Viraussetzung fir ee gutt Zesummeliewen a fir d’Séchere vu gudde Liewensbedingunge fir déi Generatiounen, déi no eis kommen.