Den Astronom Edwin Hubble huet als Bouf Stäre gezielt, de jonke Charles Darwin huet einheimesch Käfere gesammelt. Hir Naturerfarung huet der Welt bedeitend Erkenntnesser bruecht. Et war hire geüübte Bléck fir den Detail,deen hinne spéider gehollef huet, och dat ganzt Grousst ze erfaassen. Doriwwer eng Carte Blanche vum Patrick Michaely.

Carte blanche vum Patrick Michaely

Datt den Universum sech zënter dem Big Bang ausdeent, datt e wéi den Deeg am Schäffchen opgeet, mee och datt et nieft der eegener Galaxie, der Mëllechstrooss, nach Millioune vun anere Galaxie gëtt, dierft haut zur Allgemengkultur gehéieren.

Och den Numm Hubble dierft bestëmmt ville Leit e Begrëff sinn. Esou heescht jo de faméise Weltraumteleskop, deen elo zënter iwwer 30 Joer déi fantasteschst Biller vum Weltraum op d’Äerd zréckschéckt. Datt en nom Entdecker vun der Ausdeenung vum Universum, dem Astronom Edwin Hubble benannt ass, ass ville Leit awer héchstwarscheinlech net esou geleefeg. D’lëtzebuergesch Kannerbuchautorin Isabelle Marinov freet sech sou an hirem kierzlech op Englesch publizéierte Kannerbuch iwwer den Edwin Hubble, firwat, si dat net virdru gewousst hätt. Firwat géife mir esou vill iwwer den Napoleon a Co wëssen, an nëmme sou wéineg iwwer dee Mann, dee virun 100 Joer ons Plaz am Kosmos nei definéiert huet. Vläicht huet et eppes domadder ze dinn, datt déi allermeeschten iwwerhaapt keng Stäre méi ze gesi kréien, a wann dach, ganz oft just nach déi opgepechte op der Zëmmertapéit.

“The Boy Whose Head Was Filled With Stars” heescht d’Buch vun der Madame Marinov. Fir zum grousse Bild vum Universum ze kommen, huet et nämlech e geüübte Bléck fir dat méi Klengt gebraucht, déi minuscule Verännerung, an dësem Fall eenzel Strukturen am Himmel, déi sech onmierklech eng par rapport zur anerer ausernee beweegen. Alles aner Galaxien, stellt den Hubble spéider fest.

Och en anere groussen Naturfuerscher, den Charles Darwin, huet sech mat de klengste Verännerungen an der Natur auserneegesat, ier e seng, dat ganzt Liewen op der Äerd ëmspanend Theorie entwéckelt huet. Sech selwer huet e souguer als e Millionär u Beobachtungsfakte bezeechent. Grad am Hibléck op déi weltwäit Biodiversitéitskris, déi onmierklech virun onsen Aen ofleeft, well ons Gesellschaft dëse Bléck fir déi kleng Verännerungen an der Natur verluer huet, brauch et duerfir eng konsequent Fërderung vun Naturerfarung vu Klengem un.

Naturerfarung bedeit sech engem net gräifbarem Netzwierk oder Naturgesetz bewosst ze ginn. Esou en Netzwierk zeechent sech duerch seng Vilfalt, permanente Wiessel an Wiesselbezéiunge tëscht onzielege Gemeinschaften of. Et gëtt duerfir och keng singular Naturerfarung. Naturerfarung entsteet aus dem d’Staunen eraus. Dat kann déi raffinéiert Architektur vun engem Spannennetz sinn, mee och eng Moukewanderung. Naturerfarung ass d’Erblécken duerch en Teleskop vun de Réng vum Saturn, mee och déi vum Schlappendéier an der Waasserdrëps ënnert dem Mikroskop. Loosse mir duerfir suergen, datt och ons Generatiounen nach deen een oder anere Protagonist fir zukünfteg Kannerbicher ervirbréngt. Et ass nach net ze spéit.

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker, Coordinateur vum Science Festival an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun. Hien ass Member vum lëtzebuergesche Comité vum International Council of Museums.