A leschter Zäit stoungen nieft dem Covid och e puer wichteg Europa-politesch Themen op der Agenda. Sou gouf d’lescht Woch d’lëtzebuergesch Versioun vum „Plan pour la reprise et la résilience” ugeholl an op Bréissel geschéckt. An d’EU-Parlament huet een Accord ratifizéiert, woumat een haarde Brexit konnt verhënnert ginn.

D'Carte Blanche vum Carlo Thelen

Een EU-Dossier, dee manner Beuechtung krut, ass den Aktiouns-Plang zum europäesche Sockel vun de Sozial-Rechter, dee virun e puer Woche virgestallt gouf. Grad an dësen Zäiten ass et wichteg, fir an de Länner eng staark sozial Kohesioun ze hunn. Nëmmen esou kënne mir an Europa an och heiheem duerch dës Kris kommen. Et muss verhënnert ginn, dass Deeler vun eiser Gesellschaft op der Streck bleiwen.

Déi Gefor ass grouss: Salariéen déi hiren Job verléieren, Entrepreneuren an Independanten, déi duerch d’Kris keen Auswee méi gesinn an de Schlëssel ënnert den Teppech leeë mussen, Jonker, déi ënnert den Aschränkunge leiden, Studenten, déi hire Studium net normal duerchféiere kënnen, jonk Diploméiert oder Apprentien, déi Schwieregkeeten hunn, op den Aarbechtsmarché ze kommen. Dëst sinn e puer Beispiller vu Leit aus eiser Gesellschaft, déi vun dëser Pandemie impaktéiert sinn. Ee staarke sozialen Zesummenhalt kann hinnen hëllefen.

Wann een d’Standbee vum europäesche Sockel vun de Sozialrechter mam Lëtzebuerger Brëll liest, da muss ee soen, dass eist Land sech hei relativ gutt positionéiert. Dëst ass virun allem der Resilienz vun der Wirtschaft an eise Betriber ze verdanken. Eng performant Wirtschaft, déi gesond wiisst, féiert zu Investitiounen, Steierrecetten, Sozialbäiträg, zum sozialen an technologesche Fortschrëtt an zu ofgesécherten Aarbechtsplazen.

Eng sécher Aarbechtsplaz ass de beschte Schutz virun Aarmut an Ausgrenzung, dofir ass den Emploi och een Haapt-Axe am Sockel vun de Sozialrechter. Et war vun Ufank vun der Kris un esou wichteg, fir d’wirtschaftlech Substanz z'erhalen, an d'Betriber ze ënnerstëtzen. Dës Instrumenter musse weiderlafen, fir déi betraffene Secteure bis zur Normalitéit hin z'ënnerstëtzen, fir d’Aarbechtsplaz z'erhalen, a fir no der Reprise erëm nei Jobs ze schafen.

De Wirtschaftsmodell vun der Zukunft ass digital, sozial inklusiv an ekologesch nohalteg. D’Beruffer transforméiere sech deementspriechend: d’Ufuerderungen un d’Kompetenze vun eisen Entrepreneuren a Salariéë wäerte sech staark veränneren. Dofir brauche mer eng kompetenzbaséiert a beruffsbegleedend Formatiounsoffer, déi de Besoine vun onse Betriber gerecht gëtt. Wat mir net brauchen, ass, wéi et am “Plan pour la reprise et la résilience” steet, eng Formatioun, wou all Salarié “sa formation préférée” op Guichet.lu auswielt. Mir brauchen och kee staatlech gelenkte Carcan, mat X Formatiounsdeeg d’Joer, déi all Mënsch quasi d’office zegutt hätt. Mir brauchen, au contraire, bedarfsgerecht Formatiounen, déi finalement d’Betriber stäerken an de Salariéen hir Employabilitéit sécheren.