De fréiere Bauten- an Transportminister Robert Goebbels plädéiert fir méi géigesäitege Respekt am Stroosseverkéier.

Weltwäit ginn duebel esou vill Vëloen ewéi Autoe produzéiert. Awer nëmmen den Auto erlaabt iwwert eng gréisser Distanz d’Mënschen an d’Wuere fräi ze transportéieren.

Dofir fuere weltwäit iwwer 1,5 Milliarden Autoen. All Joer komme Milliounen dobäi.

Den Auto schaaft Problemer. Den Impakt op d’Ëmwelt ass net kleng. Et gëtt Accidenter. Et gëtt Stau. Trotzdeem bleift et en eng Illusioun, den Auto duerch de Vëlo z'ersetzen.

Als Bauteminister hat ech 1999 dat éischt Gesetz iwwer 600 km Vëlosweeër initiéiert. A menger Optik virun allem e Fräizäit-Offer. Elo gëtt d’Netz op 900 km ausgedeent. Geplangt ass esouguer eng direkt Vëlospist tëscht der Haaptstad an Esch.

Et ass nach Loft no uewen, fir berufflech oder schoulesch Zwecker méi Matmënschen op de Vëlo ze bréngen. Trotzdem bleift Realismus gefrot.

Laut Luxmobil-Studie mussen eleng déi iwwer 200.000 Frontalieren, déi all Schaffdag an d’Land kommen, an der Moyenne tëscht 34 bis 42 km zeréckleeën. Dat meescht kaum een zweemol den Dag a bei all Wieder um Vëlo.

Trotz Nulltarif beim ëffentlechen Transport benotzen iwwer zwee Drëttel vun den Awunner den Auto fir d’Schaff. 85% huelen den Auto fir anzekafen.

Trotzdem gaukelt d’Politik elo vir, d’Verkéiersproblemer wären haaptsächlech duerch de Vëlo ze léisen.

D’Suerg fir besser geséchert Vëlosweeër ass positiv. Awer et gëtt iwwerdriwwen. Vill Parkraum gëtt fir Vëlospisten geopfert. Op deenen, ausser dem Weekend wéineg Vëloe fueren. An der Woch sinn an der Stad Lëtzebuerg op den Haaptachse kaum 200 Vëlosbeweegungen den Dag. Awer ronn 500.000 Autosbeweegungen.

Leschte Weekend war gutt Wieder. An der Stad ware vill Cyclisten ënnerwee. Net berufflech, mee fir hire Spaass. Dozou nach Roller, Trottinetten, Skateboards an aner Gadgeten. Et waren awer vill méi Automobilisten ënnerwee.

Laut Code de la Route si si all Verkéiersmemberen. Mat e bësse géigesäitegem Respekt misst een Zesummeliewe méiglech sinn. Dofir misst och all Cyclist sech un de Code de la Route halen. Leider gesäit een ze oft Tempo-Bolzer, déi duerch Rout oder duerch e Sens unique fueren. Sie brénge sech an aner Matmënschen a Gefor.