Den Unterrechtsministere huet nei Lëtzebuergesch Coursen am Secondaire fir d’Rentrée ugekënnegt. Wat hält de Soziolog Fernand Fehlen dovun?

Carte Blanche vum Fernand Fehlen

Vun der nächster Rentrée u kréie ronn 250 Klasse vu Quatrième am Secondaire classique an am Secondaire général, dat si méi wéi 4.300 Schülerinnen a Schüler, en neie Lëtzebuergesch Cours vun enger Wochestonn. Ausserdeem gëtt e Pilotprojet op der A-Sektioun vum Secondaire classique lancéiert: Lëtzebuergesch gëtt do als eng vun de méiglechen Optioune fir d’Fach Quatrième langue vivante ugebueden.

Wann ee méi genau kuckt, ass dat neit Fach op der Quatrième manner revolutionär, wéi et schéngt. Am Secondaire classique gouf direkt nom zweete Weltkrich e Cours vun enger Stonn Lëtzebuergesch op Septième ageféiert. Dee gëtt elo op Quatrième geréckelt. Dat ass sécher eng gutt Saach, well doduerch e méi ambitionéierte Programm méiglech gëtt. Net nëmmen d’Lëtzebuerger Sprooch a Kultur mee och dat allgemengt Wëssen iwwert d’Land, d’Roll vun der Migratioun, den Opbau an d’Funktionéiere vun der Gesellschaft soll do vermëttelt ginn.

Am Secondaire général ass et eng Verlängerung vun dem Däitsch/Lëtzebuergesch Cours, deen et elo vu 7ième bis 5ième scho gëtt an deen haaptsächlech de Schülerinnen a Schüler, déi d’Lëtzebuergesch net als Familljesprooch hunn, erlabe soll sech an onser komplizéierter Dräisproochegkeet erëmzefannen.

“Gutt Lëtzebuergesch Kenntnisser stellen e wichtegen Atout um Aarbechtsmarché duer a maachen de Schüler vill berufflech Dieren op”, seet de Ministère an en huet Recht. Dës Reform ass dofir e Schrëtt an eng richteg Richtung.

Den Observatoire national de la qualité scolaire huet viru kuerzem e Rapport publizéiert, deen all national an international Evaluatioune vun onsem Schoulsystem, déi an de leschte Jore gemaach gi sinn, zesummefaasst. Mat folgendem Resultat:

Onse Schoulsystem ass am internationale Verglach a puncto Chancëgläichheet extreem ongerecht. D’Benodeelegungen duerch de sozio-ekonomeschen, migratoreschen an sproochleche Background vun de Schüler gi kaum kompenséiert.

Op dësem Hannergrond ass déi nei Reform nëmmen eng Drëps op de waarme Steen an et däerf ee gespaant sinn op den nächste Rapport, dee fir dëst Joer nach op der Lee vum Observatoire steet. Et geet do iwwer d’Méisproochegkeet.