Virun 2 Deeg kréie mer iwwert Pressekonferenz matgedeelt, datt ënnert anerem rëm kënne Manifestatioune mat 1.000 Leit organiséiert ginn. Dës Ausnam gëllt fir kulturell a sportlech Manifestatiounen. Alle weider Detailer feelen nach, mä d'Nouvelle ass do. An och wann et sech nach komesch oder esouguer fir verschiddener beängschtegend ufillt, ass dës Noriicht wierklech erfrëschend!

Carte Blanche vum Anne Goeres

Als Organisateur vun engem grousse Sportsevenement ass et wierklech schwéier, net ze wëssen, wou een drun ass: Däerf een oder däerf een net? Wat muss ee berécksiichtegen? Wei laang hale meng Fournisseuren duer? Wei kuerzfristeg kann ech hinnen ofsoen? Well e grousst Sportsevenement z'organiséieren, bréngt vill mat sech: Sponsor sichen, eng gutt Plaz fannen, d'Erlabnisser zesummekréien, fir d'Evenement z'organiséieren, déi richteg Partner ze fannen, fir d'Material ze liwweren, wéi zum Beispill Zelter, Gedrénks, awer och Animatiounen, Museker, Securitéit, Sanitär an esou weider.

An dat Wichtegst ass net ze vergiessen: De Publikum. An deem Sënn hoffen ech, datt hannert dëser erfrëschender Nouvelle aus der Pressekonferenz méi steet wéi just d'gréng Luucht fir z'organiséieren. Et ass noutwendeg, datt de Publikum, du an ech an alleguer, rëm prett sinn, Kënschtler, Sportler, Organisateuren z'ënnerstëtzen an eis op déi Eventer anzeschreiwen, fir dat d'Rechnungen erëm opginn.

Et ass glécklecherweis net nëmmen eng Saach vu Rechnung, mä virun allem eng Saach vu Gefiller, Kritik an Emotiounen, déi en Evenement richteg un d'Liewe kréien. Als Bedeelegten un engem Evenement kréien ech jo och eppes mat op de Wee; ech kann zu eppes bäidroen, hunn d'Fräiheet z'entscheeden, wou a wéini ech higinn a virun allem kann ech dës Motivatioun deele mat Frënn a Famill. D'Freed erëm zesummenzekommen an zesummen eppes z'ënnerhuelen. Ech freeë mech, datt Organisateuren net opginn, weider organiséieren an datt mir eis erëmfannen: Live an a bescht méiglecher Gesondheet.