A senger Carte blanche beschäftegt sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege politesche Journalist, mat der Verfassungsreform a plaidéiert fir e Referendum.

Carte Blanche vum Marc Glesener

Eng nei Verfassung fir Lëtzebuerg: Zanter Joren ass dëst e politescht Verspriechen. A rezenten Aussoen no, déi hei op der Antenne vun der liberaler Politikerin Simone Beissel gemaach gi sinn, wier et dann elo geschwënn esou wäit. Den Text soll un d'Zäit vun haut ugepasst ginn. Eng Zort komplett Moderniséierung. Kléngt gutt. Och wann et nach e bëssen daueren dierft.

Guer net gutt kléngt awer dat, wat ee sech afale gelooss huet, fir kee Referendum ze maachen. De Grond: Et wier jo keng nei, mä just eng iwwerschaffte Verfassung. - Pardon! Do gëtt an héchsten Téin iwwer en neie modernen Text geschwat an da gesot, dat wier alles net nei.

An dann huet d'Madamm Beissel, Co-Rapportrice vun der Verfassungsreform, oder Moderniséierung, nach eng aner Erklärung parat. De Risiko wier enorm, de Leit 140 Artikele virzeleeën. Wann engem nëmmen een Artikel dovunner net passt, da géif dee ganzen Text refuséiert ginn an dann hätte mer nach an 20 Joer keng nei Verfassung. Esou d'Deputéiert.

Hannert dëser Ausso verstoppt sech genee dat, wat esou vill Leit un der Politik gehéiereg op d'Strëmp geet. - Huel dach wannechgelift d'Leit eescht!

Wéi kann een d'Net-Politiker – an dat ass déi grouss Majoritéit am Land – einfach esou als onmënneg, jo quasi als domm ofstempelen.

D'Madamm Beissel sot zu Recht, et wier wichteg, datt d'Leit sech mat der neier Constitutioun identifizéieren, well soss wier et keng gutt Verfassung. D'Leit misste se matdroen. - Ma da loosst d'Leit och hir Meenung iwwer den Text soen.

Dat wier iwwregens eng normal Saach, wann d'Politik dat géif maachen, wat se virun de leschte Walen an do virdrun net midd ginn ass ze soen an ze verspriechen.

Lëtzebuerg brauch eng Verfassung, déi an d'Zäit vun haut passt – ob een dat elo nei oder iwwerschafft, respektiv moderniséiert nennt.

Wichteg ass den Inhalt - an d'Adhesioun zum Text. Via Referendum.

Datt 25.000 Wieler a Wielerinne sech zesummendinn a per Ënnerschrëftesammlung e Referendum akloen, hält d'DP-Politikerin Beissel fir wéineg probabel. Ech hoffen, si iert sech.