Am Abrëll 1961 krut den Adolf Eichmann, ee vun den gréisste Krichsverbriecher a Responsabele vum Holocaust (vun der „Endlösung“) zu Jerusalem de Prozess gemaach. Haut 60 Joer duerno, musse mir feststellen, datt esou oder änlech Ideologien an Europa an doriwwer eraus erëm salonsfäeg gi sinn, bedauert de Paul Hammelmann an senger Carte blanche.

„Wann ech virun Iech stinn, Riichter Israels, fir d’Uklo vum Adolf Eichmann ze leeden, stinn ech net eleng. Nieft mir sti 6 Milliounen Ukläger. Awer si kënnen net opstoen a mam Fanger op dee weisen, deen do an der Glaskëscht sëtzt. Well hir Äschen heefe sech op de Felder vun Auschwitz, an den Hiwwele vun Treblinka, duerch déi polnesch Bëscher. Hir Griewer sinn iwwer ganz Europa verstreet. Hiert Blutt jäizt awer hir Stëmm ass net ze héieren. Dofir schwätzen ech fir si. „

Dat ass en Zitat aus dem brillante Requisitoire vum Gideon Hausner, deemolege Procureur am Prozess géint den Adolf Eichmann, ee vun den Haaptschëllegen um gréisste Verbrieche géint d’Mënschlechkeet.

Dëse Prozess an d’Léier, déi doraus sollt gezu ginn, misst eigentlech all Europäer fir ëmmer bekannt a present sinn.

Wann een awer liest, wéi eng Ideologien an Europa a wäit doriwwer eraus erëm salonsfäeg sinn, kritt een et mat der Angscht ze dinn.

Den däitschen Inneminister – an ech zitéieren deen net, well ech Däitschland wëll besonnesch stigmatiséieren – huet déi lescht Woch 44.000 politesch motivéiert Delikter musse bekannt ginn, dat ass e Negativrekord, dovun 85% wéinst „Volksverhetzung“, Beleidegung a Propaganda.

Den Horst Seehofer muss eng kloer Verrohungstendenz feststellen, déi, och Pandemie bedéngt, eng Polariséierung vun der politescher Diskussioun mat sech bruecht huet.

Zu Lëtzebuerg, esou d’Justizministerin Sam Tanson d’lescht Woch an der Chamber, goufen et zanter 2015, 56 Condamnatioune wéinst Hasskommentären am Internet, eng dovu wéinst Negatioun vum Genozide.

Déi lescht Woch ass dann och zu Metz en Neo-Nazi-Attentat op eng Fräimaurerloge verhënnert ginn, an an Däitschland droe Querdenker ewell "Sophie Scholl"-Masken.

Just e puer Beispiller vun villen.

A mir stinn do a kucken op Ruine vu Birkenau an behuelen eis wéi wann d’Monster ënnert de Steng krepéiert wier, mir heuchelen a maachen, wéi wann mir definitiv dovun geheelt wieren, wéi wann dat alles aus enger anerer Zäit géif stamen, aus engem aneren Land, weit ewech an vergiessen ëm eis ze kucken an nozelauschteren.

Um däitsche Gedenksteen zu Mauthause steet dem Bertolt Brecht seng Ermanung:

„Der Schoß ist fruchtbar noch, aus dem das kroch“  

Musse mir eis dat net erëm ganz ganz séier zu Häerz huelen?

An eegener Saach:

A menger Carte blanche vum 26. Februar 2021 hat ech mir erlaabt, en Ophiewe vum Patent vun de Covid-Vaccin ze fuerderen, fir esou (méi séier) Europa an Drëttlänner virun der Pandemie ze schützen.

Dorops hi sinn ech vun enger Onmass Leit als „Kommunist“, „Stalinist“, „Idiot“ betitelt ginn, natierlech meeschtens anonym.

Zënter der leschter Woch an dem soziale Sommet zu Porto hunn EU-Staats – a Regierungscheffen an déi selwecht Richtung iwwerluet, allerdéngs mat 3 Méint Retard, esou dat Mutatiounen entstane sinn an, notamment Indien, eng reell mënschlech Katastroph duerchlieft.

D’lescht Woch hunn den US-Präsident Biden an de franséische Präsident Macron genee déi selwecht Fuerderung gestallt. Dohannert stinn och Amnesty International, UNICEF, MSF, de Poopst Franziskus, den UN-Generalsekretär Guterres an 176 Staats-a Regierungscheffen an Nobelpräisträger.

Also och alles „Kommunisten“, „Stalinisten“, „Idioten“?