Haut schwätzt d’Magali Paulus iwwert de Kampf vum palestinensesche Vollek fir Fräiheet a Selbstbestëmmung. Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

Leschten Donneschden war ech um Solidaritéitspiquet fir d’palestinensescht Vollek, dee vum Comité pour une Paix juste au Proche Orient organiséiert war. Iwwer 300 Leit waren do, hunn Temoignagë gelauschtert a gedeelt, Gedichter virgedroen, « Dream Free Palestine » skandéiert an einfach hir Solidaritéit gewisen. Et stellt sech keng Fro vu Partei huele fir déi eng oder déi aner. Et geet einfach em Verbrieche géint d’Mënschlechkeet, systematesch Ënnerdréckung a Persecutioun vun engem Vollek, a Joerzéngte vu systemescher Immunitéit ze denoncéieren.

Palestinensesch Famille gi matzen an der Nuecht aus hiren Haiser an de Quartieren Sheikh Jarrah oder Silwan zu Ostjerusalem gerappt, fir Plaz fir extremistesch Siidler ze maachen. D’Palestinenser a couragéiert Israelien déi dogéint protestéieren, gi mat Gewalt vun Zaldoten a Siidler konfrontéiert. De Palestinenser gëtt mat imminenter Enteegnung menacéiert an hir Temoignagë ginn op sozial Medien zenséiert. Horde vun extremistesche Siidler a faschistesch a rassistesch Bande ruffen zum Mord vun der arabescher Populatioun op a patrulléieren duerch d’Alstad, geschützt vun der Arméi, an agresséiere Palestinenser. Zaldote si mat Tréinegas a Gummigeschëss an d’Esplanade des mosquées gedrongen, wéi Zéngdausende vu Gleewege gebiet hunn an d’Faaschte gebrach hunn. Des brutal Aktioun huet Honnerte Palestinenser verletzt a blann gemaach.

D’Mënscherechtsorganisatioun Human Rights Watch huet an engem Rapport abusiv israelesch Politicken als d’Verbrieche géint d’Mënschlechkeet Apartheid a Verfolgung definéiert. An de leschte Joren ass en Drëttel vu Cisjordanien confisquéiert ginn, eng Hallef Millioun vu Siidler hu sech do etabléiert. D’Leit zu Gaza sinn agespaart, kënne sech net fräi beweegen. D’fundamental Rechter vu Millioune Palestinenser sinn opgehuewen. Eleng d’lescht Woch sinn iwwer 17 Kanner duerch israelesch Loftugrëff ëmkomm.

Et ass keng Fro, dass d’Aggressioun op béide Säite muss ophalen an d’internationaalt Recht respektéiert ginn, dorënner de Respekt vun de Grenzen, déi 1967 festgeluecht goufen, an d’Ofleene vun allen israelesche Siidlungen. Dëst ass kee « bewaffente Konflikt », mä en Akt vun Dominatioun vun enger Besatzungsmuecht géint eng Befreiungsbeweegung, déi d’Selbstbestëmmung vu engem Vollek fuerdert. Des Kolonisatioun muss ophalen, d’Palestinenser hu Recht op hiert Land, op Fräiheet. Dream Free Palestine.