Soll Lëtzebuerg en eegent Liwwerkettegesetz kréien? Déi Fro ass scho länger an der Aktualitéit. A senger Carte blanche fënnt de René Winkin, dass esou eng Initiativ op EU-Niveau soll geholl ginn.

Carte Blanche vum René Winkin

Obwuel an de leschte Joerzéngte vill erreecht gouf, fir Nohaltegkeetsziler an de Respekt vun de Mënscherechter iwwer international Konventiounen z'etabléieren, sou stellt sech dach weiderhin d'Fro vum Ëmgang mat deejéinegen, déi eis Wäerter net deelen.

Well net alles op deem Plang iwwer international Accorden erreecht ka ginn, klëmmt de politeschen Drock, fir een Deel vun där Responsabilitéit un d'Entreprisen ze delegéieren, dat, nodeems eng ganz Rei Entreprisë scho fräiwëlleg Eegeninitiative geholl hunn an och deementspriechend Label-Auszeechnungen opweise kënnen, och hei zu Lëtzebuerg. Am Koalitiounsaccord vun 2018 huet Blo-Rout-Gréng ugekënnegt, d'Méiglechkeet vun enger nationaler Gesetzesinitiativ iwwer een Devoir de diligence ze studéieren. Ee Joer drop ass zu Bréissel eng nei EU-Kommissioun ugetrueden, déi och eng Gesetzesinitiativ op europäeschem Plang lancéiert huet.

D'Fro, déi sech haut stellt, ass net méi, ob Lëtzebuerg ka legiferéieren (kënne geet ëmmer, wann een 31 Stëmmen an der Chamber kritt), ma ob et zu dësem Zäitpunkt iwwerhaapt Sënn mécht, fir eng national Gesetzesinitiativ ze huelen?

Et gi ganz staark Argumenter, déi dofir plaidéieren, dass d'Fro vum Liwwerkettegesetz sollt europäesch an net an nationalen Elenggäng ugepaakt ginn:

Well et dann eenheetlech Definitiounen an eenheetlech Critèren a Virschrëfte ginn, déi dann national transposéiert musse ginn.

Well Lëtzebuerg, als klenge Memberstaat nu wierklech guer keen Interêt drun hätt, fir un enger bedenklecher Fragmentatioun vum EU-Bannemaart matzewierken.

Well et da fir d'Betriber vill méi einfach wär - oder soll ech soen, well et dann iwwerhaapt mol méiglech wär? – credibel z'ermëttelen, ob et Problemer bei de iwwergelagerte Betriber gëtt.

Ob fräiwëlleg oder gesetzlech virgeschriwwen, déi berechtegt Suerg fir Mënscherechter a méi Ëmweltschutz an de Liwwerkette kann nëmme geléngen, wann esou ee System net just op grouss Multinationales ausgeluecht ass, déi hir Akafcritèren och bis an Drëttlänner eran diktéiere kënnen. Fir eng Liwwerketten zesummenzekréien, brauch een och vill PMEen.

Firwat soll eng Lëtzebuerger PME musse Nofuerschungen ustellen iwwer d'Kuel fir de Stol aus Asien, deen an hirem belsche Fournisseur sengen däitsche Schrauwen aus slowakescher Produktioun dran ass? Esou eng Virgoensweis wär engem Bannemaart net würdeg. Duerch national Elenggäng innerhalb vun der EU géifen d'Betriber a Bürokratie erstécken. A mengem Beispill geet et duer, wann de slowakesche Schrauwe-Produzent säin importéierte Stol préift an dat ass scho schwéier genuch. All nogelagerten EU-Betrib muss do drop opbaue kënnen.

D'Anhale vun europäesche Wäerter an Normen an de Liwwerkette kann nëmme funktionéieren, wann déi noutwendeg Moossname gemeinsam opgebaut an am géigesäitege Vertrauen tëscht de Memberstaate gedroe ginn. Dat ass d'Stäerkt vum EU-Bannemaart an déi solle mer erhalen. Nëmmen da geléngt et och deen Drock opzebauen, deen et hëlleft, Mëssstänn ze behiewen an deloyal Konkurrenz zu onse Betriber ze verhënneren.

Dëse Sujet jäizt reegelrecht no Europa. Europa muss elo liwweren.