Virun 200 Joer, genee um 5. Mee 1821, ass den Napoléon op der Insel Sankt Helena gestuerwen. Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

An der Press hu mer vu senge Reminiszenzen zu Lëtzebuerg geliest: De Code Napoléon, de „système concordataire“ tëscht Staat a Kierch bis 2013, de Consistoire vun de Judden, d’Zwangsrekrutéierung vun Dausende vu Lëtzebuerger an d’Grande Armée, d’Ëmgestaltung vum Knuedler an der Stad, de Napoleonsgaart am Éislek asw.

D'Carte Blanche vum Georges Hellinghausen

Him verdanke mer bis haut véier staatlech Feierdeeg – well hien se am Konkordat vun 1801 verankert hat: Allerhellegen, Chrëschtdag, Christi Himmelfaart a Maria Himmelfaart. Grad bei Maria Himmelfaart, dem 15. August, kann ee sech froen, ob de Napoléon wuel esou e Marienfan war. Absolutt net! Hie war um 15. August gebuer an huet op de 15. August en imaginären Hellegen, den Hl. Napoléon, placéiert (la Saint-Napoléon). De 15. August war also virun allem d’Feier zu Éiere vum Staatschef, den Nationalfeierdag – och deemools zu Lëtzebuerg, mat Te Deum, Fakelzuch a Papi-Papo. Doduerch ass dee Feierdag bliwwe bis haut.

Mä apropos Relioun. A sengem Testament schreift de Napoléon: „Je meurs dans la religion apostolique et romaine, dans le sein de laquelle je suis né il y a plus de cinquante ans“. Wat hie gegleeft huet, wësse mer net, och wann e just viru sengem Dout gebeicht an den Hl. Uelech empfaangen huet. „Fermez la porte et ne le dites à personne“, sot hien zu sengem Aumônier. Et weess ee jo ni, firwat et gutt ass a wa sengerliewen awer duerno eppes kéim...

De Napoléon hat e funktionaalt Verständnis vu Relioun an huet se reng utilitaristesch gesinn, mä ëmmerhin: Relioun mat hirer temperéierender Wierkung op d’Gesellschaft an hiren Zesummenhalt. Besser se ass do, wéi se ass net do. Déi Thees kann een deelen oder net, eent steet fest: Relioun ass weder eng Konzessioun nach e Privileeg fir déi, déi eng praktizéieren, mä gehéiert zur Zivilgesellschaft derzou, als e fundamentaalt individuellt a soziaalt Mënscherecht. An dat ass derwäert geschützt a geschätzt ze ginn.

Dass de Keeser Napoléon dat europawäit duerchgesat huet, ass net de geréngste vu senge Meritten, vun deene mer nach haut zieren.

Georges Hellinghausen