An der Covid-Zäit hunn och hei am Land etlech Moossname getraff musse ginn, fir d'Mënsche virun dem Virus ze schützen. Dass doduercher awer och kollateral Problemer erstane si fir Mënschen aus Drëttlänner, déi bei eis liewen - dovunner ass kaum geschwat ginn.

Carte Blanche vum Laura Zuccoli

Mat der Covid-Kris koum d'Zoumaache vun de Grenzen. Vill Mënschen, déi bei eis am Land op Besuch waren, hunn net méi dierfen zréck an hir Heemecht. Familljen, déi si empfaangen haten, hu misse wärend Méint fir si opkommen. Eng Erausfuerderung fir Stéit mat wéineg Mëttelen. Anerer konnte net méi zréck bei hir Famill op Lëtzebuerg an hunn iwwer Méint ausernee gelieft. D'Prozedure fir d'Zesummeféiere vu Familljememberen aus Net-EU-Länner goufe suspendéiert. Verschidde Famillje waarde bis haut drop. Déi administrativ Demarchë si méi komplizéiert ginn an dauere méi laang . D’Ambassaden, déi Lëtzebuerg vertrieden, sinn zou an nëmme mat Rendez-vous kann ee sech u si wenden. En Drama fir Mënschen, déi Pabeieren dringend brauchen, fir bei hir Famill op Lëtzebuerg ze reesen.

Auslänner aus Net-EU-Länner, déi hir Aarbechtsplaz wéinst der Covid-Kris verluer hunn, kënnen hir Openthaltspabeieren net erneieren. Si hu kee Recht méi zu Lëtzebuerg ze sinn, well se keng Aarbecht méi hunn. An do gëtt et weder Matleed nach Versteesdemech - Pandemie hin oder hier.

Mënschen ouni legalen Openthalt zu Lëtzebuerg kënnen net méi zréck an hiert Land, sinn hei blockéiert. Vill vun hinnen hu virun der Pandemie am Secteur vun der Restauratioun geschafft, natierlech ouni deklaréiert ze sinn. Si hu vun haut op muer keen Akommes méi. A well se jo net offiziell existéieren, kënne se weder eng Hëllef vum Staat kréien, nach vun den Anti-Covid-Mesurë profitéieren. An anere Länner ewéi z.B Tunesien oder Irland huet de Staat en Hëllefsprogramm fir dës Leit opgestallt. Bei eis dogéint huet missen d'Zivilgesellschaft asprangen! Dank der grousszügeger Hëllef vu villen Donateure konnten Iessbongen un dës Mënschen verdeelt ginn. Material gouf gesammelt a verdeelt, fir datt och si déi sanitär Moossnamen anhale konnten.

Méi ewéi 500 Mënschen hu vun dësen Hëllefe vun der Zivilgesellschaft profitéiert - dorënner 180 Kanner – Zuelen, déi eis zum Nodenken solle bréngen. Dës onsiichtbar Aarbechter sinn eng Realitéit an eisem Land , där d'Politik sech net kann entzéien. Si hunn eng Wunneng, hir Kanner ginn an d'Schoul, si liewen deelweis schonn säit Joren hei bei eis, mee si kréie keng Openthaltserlabnis, well se net alle restriktive Bedéngunge vun eisem Immigratiounsgesetz gerecht ginn. Eng Regierung, déi keng Depensë gescheit huet, fir am Kader vun der Pandemie kee Betrib a kee Bierger am Reen stoen ze loossen, ass ouni Zweiwel och bereet, an dëse schwéieren Zäite Léisungen ze siche fir des Sans-papiers.