An enger Zäit, an där d'Wëssenschaft staark am Fokus vun der Ëffentlechkeet steet, an et nieft Luef och Kritik gëtt, ass et schéin ze gesinn, datt d'Vertrauen an d'Wëssenschaft bei der Lëtzebuerger Bevëlkerung awer weiderhin héich ass, sou de Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche.

Carte Blanche vum Marc Schiltz

An enger representativer Ëmfro, déi de Fonds National de la Recherche all puer Joer duerchféiert, koum Mëtt Mäerz eraus, datt d'Vertrauen an d'Wëssenschaft bei eis am Land am Verglach mat 2019 nach liicht geklommen ass: 70% vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung vertraut der Wëssenschaft an der Fuerschung. Zu Lëtzebuerg ass d'Vertrauen an d'Wëssenschaft domadder zum Deel bedeitend méi héich ewéi a villen aneren Länner. D'Covid-Kris huet eis och virun Ae gefouert, wéi nëtzlech et ass, dass mer eis eege wëssenschaftlech Expertis am Land hunn an 83% vun den Befrote stëmmen zou, datt de Bäitrag vu Wëssenschaftler wichteg ass, fir d'Ausbreedung vum Coronavirus zu Lëtzebuerg ze bremsen. Dat ass en eenzegaartege Vertrauensbeweis fir Wëssenschaftler. Bei der Ëmfro hunn dann och 57% der Ausso zougestëmmt, datt Investissementer an d'Fuerschung hei am Land weider klamme sollten. Avis aux décideurs politiques!

D'Vertrauen, dat Gesellschaft der Wëssenschaft entgéint bréngt, ass fir d'Fuerschungscommunautéit immens wichteg. Mä et ass keen Acquis, well et ka sech erëm änneren.

Als Wëssenschaftler verflicht dat ons, un déi grouss Defie fir d'Zukunft erun ze goen: Klimawandel an Energietransitioun; Konsequenze vun der digitaler Transformatioun op Aarbecht, Wirtschaft a Gesellschaft; Gesondheet am globale Kontext. D'Fuerschung muss sech vun dëse gesellschaftlechen a globalen Erausfuerderunge guidéiere loossen, an dobäi de permanenten Dialog mat der Gesellschaft fleegen.

Zum Vertraue gehéiert awer och, dass mer als Fuerscher d'Éierlechkeet hunn, fir ze soen, dass mer net alles wëssen – soss bréichte mir jo net méi ze fuerschen. Virun 12 Méint hätt kee Fuerscher kéinte garantéieren, dass mir haut e Covid-Vaccin hätten. Elo hunn mer en, mä et hätt och kéinten aneschters goen. Mir kënnen net verspriechen, dass mir op alles eng Äntwert fannen. Fuerschen heescht nämlech un der Grenz zum Onbekannten ze stoen. A mir wëssen net genau, wat ons déi aner Säit erwaart. Heiansdo seegele mer no Indien, a mer entdecken Amerika; mä heiansdo entdecke mer och näischt, trotz vill Asaz an Aarbecht. Och dat gehéiert zur Fuerschung. Wann dat Verständnis de Wëssenschaftler entgéintbruecht gëtt, da sinn ech zouversiichtlech, dass mer onsen Engagement vis-à-vis vun der Gesellschaft kënnen anhalen.