Dës Pandemie weist eis wéi duerch ee Vergréisserungsglas all déi Ongläichheeten, déi et an der Welt gëtt.

Esou muss ee feststellen, datt d'Pandemie alt erëm déi äermst am meeschten trëfft. Dowéinst gëtt esou guer dës Kris nach schlëmmer fir jiddereen. Et ass héich Zäit, datt eng absolut politesch Prioritéit gesat gëtt, fir d'Differenz tëschent Räich an Aarm ze reduzéieren.

Wéi d'Covid-Pandemie ausgebrach ass, hu mir all ugeholl, datt de Virus jidderee gläich géif treffen, ob räich oder aarm. Mir goufe jo och opgeruff zesummenzestoen, well nëmmen da kéint de Virus iwwerwonne ginn. Mir haten ee kuerzen Ament den Androck, datt déi Pandemie eis all, weltwäit, nees zesumme géif bréngen. Elo, ee Joer duerno, gesi mer, datt déi Pandemie d'Ongläichheeten an der Mënschheet grad extra opgedeckt huet an alles deit drop hin, datt dat an de nächste Joren nach schlëmmer gëtt.

Bei der Beschafung vun den Impfstoffer huet ee scho gesinn, wéi eng Rei Länner sech virgedréckt hunn, ouni op aner Länner Récksiicht ze huelen. Op mannst hunn d'Europäer duerchgesat, datt d'Impfstoffer gemeinsam bestallt gi sinn an esou all Member-Staat gläich beliwwert gouf. Wéi awer déi aarm Länner, besonnesch déi aus der Drëtter Welt, sech bei de Pharma-Konzerner bis melle konnten, ware keng Impfstoffer méi do.

Och wann dës Konzerner sech elo engagéiert hunn, den aarme Länner bis zu 3,5 Milliarden Impfdosen zum Gestehungspräis ze verkafen, esou wäerten déi betraffe Länner nach laang musse waarden, bis si déi effektiv kënne kréien an eng seriö Impfcampagne bei sech kënne starten. Et bleift da nach ze gesinn, ob déi betraffe Länner sech iwwerhaapt esou vill Impfdosen kënne leeschten.

Och an den entwéckelte Länner huet d'Pandemie de Gruef tëschent Räich an Aarm vergréissert. Mir hu gesinn, datt Leit mat bescheidenem Akommes méi schnell vum Virus erkrankt sinn, wéi Leit mat engem héijen Akommes. Leit, déi an engem groussen Eefamilljenhaus wunnen, hu manner ënnert dem Confinement an dem Lockdown gelidden, wéi déi, déi a klengen Appartementer wunnen. Kanner, déi iwwer performant PCe verfügen, konnte besser am Homeschooling mathalen, wéi déi, déi kee PC oder nëmmen vereelzt Equipementer hunn. Am Aarbechtsalldag huet ee gesinn, wéi onqualifizéiert Leit vill méi séier hiren Job verluer hunn wéi héich qualifizéiert Leit. An déi qualifizéiert Leit konnten och vill méi liicht Homeoffice maache wéi déi wéineg qualifizéiert.

Déi Pandemie ass net demokratesch, well se diskriminéiert déi Leit weider, déi scho virun der Pandemie an der 2. oder an der 3. Rei stoungen. Dës Kris weist däitlech, wat eis Mënschen ënnerscheet a wéi bedeitend déi sozial a wirtschaftlech Differenzen nach ëmmer sinn.

D'Léieren aus dëser Kris ze zéien a sech op déi nächst virzebereeden, heescht iwwer déi kuerzfristeg Problemer ewech ze kucken an endlech d'Ongläichheeten an der Gesellschaft  als déi zentral politesch Erausfuerderung vun eiser Zäit unzeerkennen an dat net nëmmen zu Lëtzebuerg mee iwwerall. Wann ee kee moralesche Standpunkt wëllt unhuelen, da soll ee sech dach vum Verstand leede loossen. Dës Pandemie ass eréischt eriwwer, wa se iwwerall eriwwer ass.

Eng nächst Pandemie kann nëmme besser a méi schnell bekämpft ginn mat manner schlëmme Konsequenzen, wann de Gruef tëschent Aarm a Räich méi kleng gëtt.

Lëtzebuerg, den 31. Mee 2021

Michel MAQUIL

Fräie Finanzberoder

Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse