An senger Carte Blanche schwätzt de Jean Huss, President vun Akut an Exdeputéierten, haut iwwert d'Preventioun vun Ëmweltkrankheeten, wéi dat gemaach gouf a wéi et haut de Fall ass.

Carte Blanche: Jean Huss

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Dëst Joer feiert Akut, den Aktiounsgrupp fir Ëmwelttoxikologie säin 30-jähregt Bestoen.

30 Joer benevollen Asaz fir Ëmwelt a Gesondheet, fir eng ëmfaassend Preventioun a fir d’Fërderung vun der klinescher Ëmweltmedezin op alle Niveauen. An der Fuerschung an an der Aus- oder Weiderbildung vun Dokteren. Doniewent, fir déi schwéierst betraffen Ëmweltkranken ze traitéieren, setzt sech Akut och an fir den Bau vun ëmweltmedezinesch- stationäre Spidolsunitéiten hei am Land an der Planung am Moment am Südspidol vum Chem.

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Zanter iwwer 30 Joer ass bekannt an erwisen, datt eis krank Ëmwelt och op eis Mënschen zréckschneit an net nëmmen aktuell bei Corona. Eleng Loftverschmotzung dobausse mat rengem Stëbs, Stéckoxid, Ozon an esou virun, mä och d’Indoor-Belaaschtung an Haiser oder op Aarbechtsplazen duerch chemesch Otemgëfter, Schimmel oder Elektrosmog fuerderen hire gesondheetleche Präis. Dat selwecht gëllt zum Beispill och fir eis Duerchnëttsernierung: Vill ze vill Zocker a Konservéierungsstoffer, ze vill Schwéiermetaller oder Pestiziden, déi am sougenannten Niddreg-Dosis-Beräich chronesch, dat heescht dauerhaft, opgeholl ginn an dann individuell ënnerschiddlech zu diversen Ëmweltkrankheete kënne féieren. Vill Allergien oder Sensibiliséierunge vis-à-vis vu Chemikalien oder elektromagnéitesche Felder, wéi zum Beispill MCS oder EHS, mä esou Schuedstoffer kënnen och wierksam ginn als Co-Facteur bei Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen, Kriibs, Diabetis oder neurologesch-psycheschen oder hormonelle Stéierungen.

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Zanter 30 Joer elo informéiert a beréit Akut iwwer all dës Gesondheetsrisiken, mä och iwwer Alternativen dozou, an der Zännmedezin oder dem baubiologesche Bauen, woubäi d’Preventioun vun de Risiken am Mëttelpunkt stoung a weider steet. 30 Joer Akut, dat ware bis haut ronn 100 ëffentlech Konferenzen, Opklärungsowender oder international Kongresser, an esou soll et och elo weidergoen.