Et gëtt schnell geimpft a nach méi schnell getest. Covid-Fallzuele ginn erof. Dës Woch si weider Lackerungen decidéiert ginn. Mir dierfen ëmmer méi.

Ëmmer méi laang an zu ëmmer méi zesummekommen. Mir dierfe souguer och ouni Hond no 12 Auer nuets erëm aus dem Haus. A mir si frou driwwer. Well mir all hoffen op e Retour zur Normalitéit. Well mir hu sou schwéier Zäiten hannert eis. Mir hu geléiert, wéi et och ëmmer erëm Krisegewënner ginn a Kriseverléierer weider déi kleng an der Gesellschaft sinn. A mir hu geléiert, wéi wichteg d’Beruffer vun de klengen Hänn sinn. All déi Beruffer, déi eis dat blankt Iwwerliewen erméiglecht hunn. Si sinn endlech siichtbar ginn an der Pandemie. Awer déi Léieren dierfen och no der Pandemie net vergiess ginn!

An erlaabt mer hei ee vun deene ville systemrelevante Beruffer ervirzehiewen. Nieft de Leit aus de Butteker, dem Botzsecteur, dem Gardienage, den ëffentleche Secteur, gëllt mäin déiwen Dank haut dem Gesondheetssecteur. Méi wéi jee huet dës Pandemie eis gewisen, wéi wichteg et ass, datt mir, eis Elteren an eis Kanner gutt versuergt sinn, wa mer krank oder fleegebedierfteg sinn.

D'Carte Blanche vum Nora Back

Méi wéi jee hu mer geléiert, wéi wichteg et ass dat mer gutt Spideeler, Altersheemer, Material a Personal hunn. An et ass u sech scho traureg, datt mer wéi 12 Méint nom Ufank vun der Pandemie musse feststellen, datt mer net genuch Häerz-Longemaschinnen hei am Land hunn. Mee nach méi traureg ass, datt och, wa mer se hätten, hätte mer net genuch Gesondheetspersonal, fir se ze bedéngen.

An enger Zäit, wou mer hu misse fäerten, dass mer virun zouene Grenze stinn an eise System da kollabéiert, well mer net genuch Gesondheetsberuffer hunn.

D’Pandemie huet gewisen, wéi fragil dat klengt Lëtzebuerg ass. Mir kënnen eis net drop verloossen, fäerdeg Ausgebilter einfach an d’Ausland sichen ze goen. Mir sinn drop ugewisen, déi Ressourcen och zu Lëtzebuerg auszebilden. Mir musse Jonker begeeschteren, dës Beruffer ze erléieren.

An dat setzt viraus, datt mer gutt Léin an Aarbechtsbedingungen am Secteur hunn, datt déi jonk Leit eng Zukunftsperspektiv gesinn, datt se op e verlässleche Partner an der Politik kënnen zielen an, datt se fair behandelt ginn, wat hir Ausbildung ugeet.

Do kann et net sinn, dass bei zukünftege Reformen erëm Profitintresse am Virdergrond stinn.

Et ass bedauerlech, dass, wa Petitionären Dausenden Ënnerschrëfte sammelen, en plus Schüler, Jonker déi och nach wëllen dee Beruff erléieren, déi mer jo sou néideg brauchen. Déi et nach fäerdeg bréngen, Haaptacteuren ze versammelen, Patienten, Proffen, Leit, déi de Beruffer exerzéieren, hir Beruffsorganisatiounen, Gewerkschaften a Salariatskummer, wann déi da vun der Chamber gesot kréien, nee, mir wëssen et besser. Wann all déi  Leit soen, mir brauchen deen Ausbildungsmodell, awer de legislative Pouvoir seet nee, dat braucht der net, dann hu mer echt e Problem.

An dee Problem muss aus der Welt geschaaft ginn.

Well déi nächst Erausfuerderunge sti virun der Dier. An déi Decisioune mussen am Konsens mat den Acteuren um Terrain a mat deene Jonke getraff ginn. Well ouni déi Jonk, keng Zukunft.