Ob doheem, op der Strooss oder op der Aarbecht...eis Relatioune si gepräägt vu Vertrauen een op deen aneren an an d’Reegelen, op déi ee sech ka verloossen. Dat gëllt och fir d’Politik. Mee Vertrauen ass net einfach, mengt d’Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.

Carte Blanche vum Michèle Schilt

De Sproch “Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser!” kennt jiddereen. Ob, wéi dacks behaapt gëtt, dass de Lenin dat sou soll gesot hunn, ass net beluecht, mee d’russescht Spréchwuert “Vertrau, mee kontrolléier!” gëtt et tatsächlech. An eng gutt Portioun Skepsis ass op ville Plazen net vu Muttwëll. Et hänkt allerdéngs dovun of, a wéi engem Verhältnis se zu Vertraue steet.

Tëscht blannem Vertrauen a fundamentalem Mësstrauen

Wann ech aus puerer Jalousie mengem Partner X-Mol den Dag hannendrun telefonéieren, well ech mech froen, wou e stécht, dann ass dat warscheinlech net gutt fir d’Bezéiung. Wa besote Partner sech allerdéngs tatsächlech op dubiéise Plaze ronderëm dreift, dann huet e mäi Vertrauen verständlecherweis verspillt. Heiansdo bleift mer guer näischt anescht iwwreg, wéi ze vertrauen, z.B. wann ech Auto fueren. Do bleift jo keng Zäit beim Chauffer, dee mer entgéintkënnt nozefuerschen, ob deen och verstanen huet, datt e bei rout muss stoe bleiwen. Do vertrauen ech dann drop, datt dee Bong, deen en an der Täsch huet, him déi Qualifikatioun och wierklech gëtt.

Meeschtens ass Vertrauen awer e Choix: mësstrauen ech prinzipiell mol – de Banken, de Medien, mengem Chef... oder vertrauen ech éischter – datt déi eng mech gutt beroden a mäi Geld net a Geschäfter stiechen, déi mir net gefalen, déi aner Faite recherchéieren a Sujeten op de Fong ginn a mäi Chef seng Decisiounen en âme et conscience hëlt. Dat ass bis zu engem gewësse Grad eng aktiv Decisioun an dat kann ee steieren.

Dat wëll awer net heeschen, datt dat Vertraue blann ass! Ech ka mer Informatioune siche goen a Rechenschaft afuerdere vu menger Bank, menger Zeitung, mengem Chef. Do ginn et jo och gesetzlech verankert Instanzen, wéi z.B. d’Personalvertrieder*innen, déi dobäi hëllefen.

Transparenz a Rechenschaft - wichteg demokratesch Prinzippien

An enger Demokratie ass Vertraue fundamental. Et vertraut een op d’Zesummespill vun den Institutiounen. Dat kann een, well d’Gewalte getrennt sinn: d’Regierung, d’Chamber, d’Justiz. D’Chamber kontrolléiert d’Regierung. D’Justiz zitt déi zur Rechenschaft, déi sech eppes ze Schold komme gelooss hunn. Och wann dat net ëmmer sou ausgeet, wéi ee sech dat virstellt.

Prinzipiell vertrauen d’Bierger*innen dem Staat an de Staat de Bierger*innen. E Staat, dee senge Bierger*innen mësstraut, riskéiert en Iwwerwaachungsstaat ze sinn, wou all Beweegung vum Eenzele verfollegt gëtt, well en eben net drop vertraut, datt d’Leit sech behuele wéi se sollen. Well mer wëssen, datt dat technesch méiglech ass, ass et wichteg, datt ee Reegelen huet, déi festleeën, a wéi wäit, wien, wéi a wéini an d’Privatsphär vun de Leit agräift.

An der Lescht huet een der Regierung vill vertraue missen. Rechter wéi Versammlungs- oder Beweegungsfräiheet goufen limitéiert, ... da huet ee mat sech maache gelooss, well et ebe sou war, mee vläicht och, well ee prinzipiell d’Vertrauen hat, datt et dee Moment déi richteg Aart a Weis war an datt déi Mesuren, soubal et geet, erëm opgehuewe ginn. D’Regierung hirersäits huet de Wëssenschaftler*inne vertraue missen.

Fir datt ee kann novollzéien, wat geschitt oder geschitt ass, sinn Transparenz a Rechenschaft wichteg demokratesch Prinzippien. Decisioune kënnen hannerfrot ginn a sollen diskutéiert ginn. Dobäi spillen d’Parlament an d’Medien eng wichteg Roll. Mee och all Bierger*in ka Froe stellen, dann am beschten am direkten Austausch mat de Responsabelen an net nëmmen um on- oder offline Staminee.

Vertrauen ass schwéier, mee ouni geet et net

Eng gesond Portioun Skepsis ass néideg, mee alles ëmmer a Fro ze stellen, just fir et a Fro ze stellen, bréngt näischt. Weder beim Partner nach an der Politik. Dofir gëllt: Kontroll ass gutt, mee Vertrauen och.