Wuelstand a Wuelfillen: Zwou verschidden Notiounen, déi net Hand an Hand ginn, seet d'Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert an hirer Carte Blanche.

Carte Blanche vum Christiane Bram

Den duerchschnëttleche Salaire brut zu Lëtzebuerg vu knapp 65.000 Euro ass den héchsten an der EU. Och wann dës Zuel duerch verschidde Facteure relativiséiert gi muss, ass et e wichtegen Indicateur fir de Wuelstand am Land.

Kuckt een aner Indicateure wéi d'Zuel vun den Autoe pro Stot oder d'Ekipement vu PCen a Smartphonen, läit Lëtzebuerg och ganz uewen an de Statistiken.

Am Fong kéint een also dervun ausgoen, datt d'Zefriddenheet vun den Awunner am Land dann och ganz grouss misst sinn, oder ob d'mannst méi héich wéi an aneren europäesche Länner.

Dat ass awer net de Fall. Wuelstand ass keng absolut Referenz fir Zefriddenheet an eiser Gesellschaft. Dëst ass och bei enger rezenter Etüd vum Statec an Zesummenaarbecht mat der Uni vu Südkalifornien erauskomm. Eng Conclusioun ass, datt d'Croissance vum PIB net automatesch méi "Bien-être" fir e Land mat sech bréngt.

Och de "World Happiness Report" vum Gallup Institut weist drop hin, datt de PIB keng nohalteg Léisung ass, fir eng frou an zefridde Gesellschaft ze garantéieren. Vun engem gewëssenen Niveau vu Räichtum un hëlt d'Glécklechkeet net méi zou, mä stagnéiert, an dat subjektiivt Wuelfillen duerch de relative Räichtum léisst mat der Zäit no.

Leider ass de PIB awer nach ëmmer den Indicateur schlechthin, un deem d'Politik sech orientéiert, fir eist Land ze regéieren an d'Seegele richteg an de Wand ze stellen. De Wuesstem zu Lëtzebuerg bleift gräifbar, trotz der sanitärer Kris, wat och sécher e wichtegt Element fir eist Land ass. Mä et geet net duer.

Grad da misst d'Politik zousätzlech Indicateure konsequent usteieren. Wann op enger Säit keng Plaz am Jugendprisong ass, fir strofbar Jugendlecher opzehuelen, oder an eise Klinicken d'Psychiatrien net genuch Moyenen hunn, fir déi Persounen en charge ze huelen, déi akut behandelt musse ginn; op der anerer Säit awer zum Beispill 36 Millioune fir eng Vëlospist vun 2 Kilometer tëscht Esch an Esch-Belval oder knapp 80 Millioune fir e Stadium vun 10.000 Leit mat sengem Parking investéiert ginn, dann ass d'Zil vun engem héije PIB ze vill eesäiteg, fir e generellt Wuelbefannen an eisem Land ze erreechen.

En effikasse Gesondheetssecteur ouni perséinleche Favoritismus, d'Sécherheet an der Gesellschaft, e komplette Bildungswee, dee ganz verschiddene Besoine gerecht gëtt, eng nohalteg sozial Politik, eng gesond Work-Life-Balance - jeeweils onofhängeg vum Alter, Geschlecht, Nationalitéit an eege Mëttelen - missten à la base garantéiert sinn an engem Land, wou e permanente Wuesstem iewescht Zil ass. Esou e gesamte Kader géif d'Wuelfille verbesseren, sou wéi et an enger Rei vu skandinavesche Länner de Fall ass. Suen eleng maachen net glécklech. Virun allem vun engem gewëssen Niveau u maachen d'Sue wuel just glécklech, wann een der méi huet wéi den Noper.