Wann Denken en Deel vun der Léisung soll sinn, da stellt sech d'Fro, wou een dat léiert. Oder anescht gefrot: Gëtt et genuch Philosophie am Lëtzebuerger Bildungswiesen? Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

Denken ass och en Deel vun der Léisung. Denken ass iwwregens ëmmer en Deel vun all Léisung, wat ee vu Masken an anere Léisungsstécker am grousse Covid-Puzzle net onbedéngt behaapte kann. Wien Denke seet, kënnt net derlaanscht, vu Philosophie ze schwätzen.

Jidderee wëll opgekläert a kritesch Kanner, respektiv Jugendlecher, soulaang et deenen aneren hir sinn, respektiv se doheem wgl. awer sou maachen, wéi se gesot kréien. Änleches gëllt fir de Staat: D'Bierger solle sech abrénge kënnen, awer am léifsten als Member vun enger Partei.

Carte Blanche vum Jean-Luc Thill

Philosophie ass onbequem: D'Froen, déi hei gestallt ginn, si fundamentaler Natur a betreffen eigentlech jiddereen. Wär mat jidderee fréier just de Mënsch gemengt, gëtt haut och Déier an neierdéngs esouguer d'Natur an dës Reflexioun mat agebonnen, an dat net eréischt zënter "Fridays for Future". Kuerz hannert der Fro, ob ee geimpft méi Fräiheete soll hunn, stécht ebe méi wéi just de Wonsch, erëm eng Päischtcroisière kënnen ze maachen.

D'Fro, déi sech stellt, ass: Wéi a wou léiert een dës Kinneksdisziplin vum Denken? An der Schoul? Déi Erwuessen ënnert Iech missten elo Folgendes feststellen: entweder a) Philosophie hat ech ni an der Schoul oder b) Dir kënnt Iech och x Joerzéngten duerno nach gutt drun erënneren. Net, well een denke geléiert gouf, mä well Philosophie nom Lëtzebuerger Modell wéi e weidert Kapitel vun der Bibel als Offenbarungswësse vermëttelt gouf: Wgl. auswenneg léieren an dat net a Fro stellen - Geschicht vum Päerd mat deem méi decke Kapp.

Dëst wär politesch gewollt: Déi "good News" ass, datt Philosophie schonns méi wéi 50 Joer an der ëffentlecher Schoul ugebuede gëtt. Déi "maner good News" wär, datt an der gudder aler Zäit - also dem CSV-Staat - d'Vollekspartei ee fir allemol gekläert hat, wien ze denken hätt a wien net. Kuerz: Wien et net bis ob eng 1ère am Classique gepackt hat, koum och net an de Genoss vun der Denkschoul vun Athen.

Haut ass dat anescht. Souvill zu fréier wär alles besser: Nodeems heiheem endlech an all ordre d'enseignement Philosophie ugebuede gëtt an och méi d'Uwendung a Vernetzung wéi dat rengt Wësse verlaangt gëtt, bleiwen nawell e puer däischter Wolleken um Denkhimmel. An der VieSo - der politescher Äntwert op de fréiere Moral a Reliounsunterrecht - gëtt sech vum 1. Schouljoer, pardon cycle 2.1, bis op 3e schonns am eegenen Denke geüübt. Fir dann am fréiere Classique méi wéi d'Hallschent vun de Sektiounen an domadder genau souvill Schüler an eng Denkpaus ze schécken. (1)

Och wann et ni ze spéit ass, kënnen déi betraffe Schüler dëse Retard zu hire Kolleegen op 1ère net wierklech ophuelen - och oder grad, well um Ofschlossjoer vum Schoulparcours net wierklech Zäit ass fir z'experimentéieren. Nodeems déi philosophesch Offer am General, also dem fréieren Technique schonns ausgebaut gouf, wier et wichteg, datt déi Verantwortlech am Bildungswiesen déi Bréck am Classique och endlech géife fäerdeg bauen Eis Zukunft, also déi Jonk vun haut, hunn et all verdéngt, déi philosophesch Tools ze kréien, fir muer an iwwermuer déi Problemer vun haut, muer an iwwermuer kënnen ze léisen. Och oder grad, well déi aktuell Pandemie weist, wéi wichteg Denken am Léisungsprozess vu sou komplexen Zesummenhäng ass. Eng Siichtweis, fir déi sech d'Unesco och ouni sanitär Kris schonns zënter Joerzéngten asetzt.

PS: All Interesséierte ka jo e Bléck op ee vun den Texter werfen, déi dëst Joer am Premièresexame gefrot goufen:

https://www.uni-bonn.de/de/neues/201ewir-brauchen-eine-metaphysische-pandemie201c

En annexe och nach e Link, wat d'Unesco zur Philosophie ausgeschafft huet:

Däitsch: https://www.unesco.de/sites/default/files/2018-05/Philosophie-eine-Schule-der-Freiheit.pdf

Englesch: https://unesdoc.unesco.org/ark:/48223/pf0000154173

Franséisch: https://unesdoc.unesco.org/ark:/48223/pf0000153601

(1) classe de 2e ESC: Philosophie sections ADG - pas de philosophie pour les sections BCEFI