Zënter de Pisastudien, also zënter 2000, wësse mir, wat fir eng Kanner Risikoschülerinnen a -schüler sinn: Kanner mat Migratiounshannergrond an/oder aus engem sozioekonomesch benodeelegten Ëmfeld. Mat der Pandemie hu sech déi ongläich Bildungschancë nach weider verschäerft. Wat wären da konkret Usazpunkten, fir dëser Chancenongerechtegkeet e bëssen op de Läif ze réckelen, freet sech de Gaston Ternes an dëser Carte blanche.

Carte Blanche vum Gaston Ternes

Et war keng Iwwerraschung, dass de Luxembourg Center for Educational Testing vun der Uni Lëtzebuerg rezent a sengem Bildungsmonitoring erëm op d’Ongläichheeten opmierksam gemaach huet. Ënnerstëtzt gëtt des Ausso och vum Nationalen Observatoire fir Schoulqualitéit. Besonnesch d’Kompetenz vun der Ecoute an der däitscher Sprooch ass signifikant zréckgaangen, bedéngt doduerch, dass wärend der Pandemie Jonker mat Migratiounshannergrond wéineg bis kee Kontakt mat der däitscher Sprooch haten. A fir dass den digitalen Unterrecht funktionéiere kann, gëtt vill Asaz vum Elterenhaus virausgesat.

D’Léisungen, déi aktuell ëmgesat ginn, sinn am grousse Ganzen déi heiten: méi Däitsch am 3. Trimester an de Virschlag vun enger Summerschool 14 Deeg virun der Schoulrentrée. Et kënnt mir vir, wéi “eng Drëps op ee gliddege Steen”.

Wierksam Handlungsusätz brauchen zwee essentiell Elementer: si musse sech an eng Kontinuitéit aschreiwen a si si reegelméisseg op hir Effizienz z’iwwerpréiwen.

Chancëgerechtegkeet an der Bildung geet wäit iwwert d’Schoul eraus. Eng éischt wichteg Mesure wär ee vill bessert Vernetze vun de bestoende Bildungs- a Betreiungsofferen. Et heescht d’Hürden identifizéieren, déi den Zougang fir d’Familljen aktuell erschwéieren.

Chancëgerechtegkeet denken, heescht automatesch ee Maximum vun Offeren an der Schoul ubidden, fir se jidderengem zougänglech ze maachen. Et bräicht een zum Beispill an all Schoul eng Cellule, déi am enke Kontakt mat der Famill séier a flexibel op all Situatioun reagéiere kann. D’Schoul brauch heifir weider Ressourcen u Personal.

De Schoulsystem selwer misst natierlech strukturell reforméiert ginn; mir misste méi spéit selektionéieren, well all fréizäiteg Selektioun d’Leeschtungsfäegkeet vum Eenzele reduzéiert an eng gutt Orientatioun erschwéiert.

Déi sproochlech Fërderung vum Däitschen a Franséischen ass den “A an O” vun dem schouleschen Erfolleg zu Lëtzebuerg. Schoulinitiativen, wéi déi vu personaliséierter Sproochefërderung duerch Upasse vum Stonneplang vum eenzele Schüler, an dat innerhalb vun den 30 Wochestonnen, misste net nëmmen an e puer Schoule funktionéieren, mä flächendeckend ageféiert ginn.

A wéi wär et wa mir op alle Joergangsstufen, Fondamental a Secondaire een obligatoresche Programm vu 25 Stonne géingen aféieren, a 5 Stonnen optional kéinte plangen, déi genee op d’Besoinen an d’Talenter vun dem eenzele Jonken ugepasst ginn? D’Pandemie huet eis jo Weeër virgezeechent, wéi mir eis Programmer op dat Essentiellt konzentréiere kënnen.

Dëst si nëmmen e puer Pisten. Si si net Grond genuch fir eng richteg Bildungsoffensiv?