Heiheem hu mir d’Chance, dass der vill vun ons vill perséinlech Kontakter hunn. Sief et well een zesummen an d’Schoul gaangen ass, et kennt ee sech vun der Aarbecht , als Noper oder vun engem Club. Dofir ass de Kontakt ënnerenaner direkt an onkomplizéiert an dat gëllt och fir d’Politiker.

Carte Blanche vum Anne Brasseur

Elo ginn et Beméiungen, fir déi Kontakter duerch Lobbying an Zukunft méi streng ze reegelen. Ma vu wéi engem Lobbying schwätze mer hei? Et geet schonn u beim Wuert selwer. Lobbying gëtt haut oft pejorativ benotzt: als Synonym fir grouss Wirtschaftskräften, déi hir Interessen hannert de Kulissen duerchsetzen.

Zu Lëtzebuerg sinn dat awer haaptsächlech d’Beruffsvertriedungen, Gewerkschaften an Associatiounen, mee och kleng, privat Gruppementer oder eenzel Bierger, déi e speziellt Uleies hunn.

Politiker brauchen deen Austausch, fir sech e Bild vum Terrain ze maachen. Fir ze wëssen, wou d’Probleemer sinn – an der Gesellschaft an an der Ekonomie. An dozou gehéiert dat perséinlecht Gespréich sief et um Bureau, mee och an der Strooss, um Dëppefest oder um Maart.

Elo ginn et awer Bestriewungen, fir dat alles ze institutionaliséieren. D.h., datt an Zukunft e groussen Deel vun de Gespréicher muss deklaréiert ginn. Dat Ganzt am Kader vu méi Transparenz a vun der Lutte géint Korruptioun.

D’Korruptioun gëllt et mat alle Mëttele ze bekämpfen. En Transparenzregëster, ass ee vu villen Outilen, fir der Korruptioun entgéintzewierken.

An awer muss bei der Ëmsetzung vun dësem Regëster mat Fangerspëtzegefill an virun allem mat gesondem Mënscheverstand un d’Saach erugaange ginn. Net fir d’Transparenz ze ënnerhillegen, mä fir sécherzestellen, datt d’Reegelen esou sinn, datt den Austausch mat der Politik weider stattfanne kann. Politik fir d’Leit a mat de Leit kann nëmmen am Austausch geschéien, éier Decisioune geholl ginn.

Mir dierfen och net d’Gefill opkomme loossen, datt d’Lobbyaarbecht u sech schlecht ass. An de Kontakt mat der Privatwirtschaft – de Betriber, de Patron als suspekt ugesi gëtt, wougéint d’Uleies vu Veräiner, ONGen a Gewerkschafte ënnerstëtzt ginn.

Et muss gekuckt ginn, datt déi kuerz Lëtzebuerger Weeër net torpedéiert ginn. Loosst ons net vergiessen, datt grad de reegelméissegen an einfachen Echange tëscht all den Acteuren aus onser Gesellschaft zum wirtschaftlechen a soziale Succès vum Modell Lëtzebuerg bäidréit.