Wat heescht Lëtzebuerg fir mech, wat heescht Lëtzebuerg fir ons? Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog a Conseiller vir Integratioun am CEFIS.

D'Carte Blanche vum Paul Estgen

Den Nationalfeierdag ass e ganz spezielle Moment am Joer, dee wou mer ons lëtzebuergesch Natioun feieren. E Moment, wou mer ons solle Gedanke maachen, iwwert dat, wat fir ons dat Wuert Natioun bedeit, also eng Froestellung iwwert dat Konzept, wat méi wäit geet, wéi just dat vun dem Vollek oder Identitéit. D'Natioun ass gläichzäiteg ons Vergaangenheet an ons Projektioun an d’Zukunft, déi just Sënn ergëtt, wa se vun engem Vollek gedeelt a gedroe gëtt. D’Natioun ass dat wat den Zesummenhalt vun de Leit bestëmmt, eng Aart Dialektik tëschent onser individueller Fräiheet an engem kollektiven Agéieren, dee mer an enger demokratescher Verfassung festgeluecht hunn. D’Natioun ass net fir éiweg figéiert, si muss sech upassen, muss gelieft ginn, diskutéiert ginn a sech rëm ëmmer nei erfannen.

Wou sti mer haut zu Lëtzebuerg ? Wat ass d’Identifikatioun vun der Bevëlkerung mat dem Land ?

En puer Äntwerte fënnt en do an den Enquêten, déi d’Europäesch Union reegelméisseg am Eurobarometer publizéiert. D’Wanterenquête (Eurobarometer 94) ass do ganz interessant.

Lëtzebuerg ass dat Land wou d’generell Situatioun als am Beschte vu senger Bevëlkerung geschätzt gëtt. D’Ëffentlech Servicer kréien eng 1 . Mir hunn en enormt Vertrauen an ons Institutiounen (Medien, Parteien, Justiz,Police, Arméi, Parlament, Gouvernement). 83% hunn en ganz grousst Vertrauen an Administratioun (E.U. Duerchschnëtt leit just bei 49%). Donkel Wolleke kommen op, wann mer iwwert Angscht virun der Zukunft schwätzen: 42 % hunn kee Vertrauen an d‘ Zukunft, (an der Unioun bei 32% de Fall). 69 % mengen, dass di zukünfteg Generatiounen et méi schwéier kréien, wéi si selwer (hei ass just a Frankräich den Taux méi héich :74%).

Interessant ass d’Fro : wéi verbonne spiert dir Iech mat ärem Duerf oder ärer Stad a wéi verbonne mat Lëtzebuerg ? Hei ass di Identifikatioun schwaach ausgepräägt am Verglach mat den aneren europäesche Länner (ausser d’Belsch, déi hei all Kéieres op der leschter Plaz stinn). Suerge kann een sech och maachen, wann mir zu Lëtzebuerg op d’Fro äntweren, ob d’Leit bei ons Villes gemeinsam hunn : an Europa soen 80 % vun der Leit fir hiert Land do jo; zu Lëtzebuerg ass den Taux awer nëmme bei 72 % a mir hunn do déi leschte Platz.

Aus deene puer Donnée kann een also als provisoresch d'Konklusioun zéien, dass d’Serviceland Lëtzebuerg ganz gutt funktionéiert, d’Leit awer Angscht virun der Zukunft hunn. Mir wësse jo aus aneren Etuden, wei vill Leit am Moment och reell an d’Aarmut rutschen. Mir mussen ons Gedanke maachen, iwwert de gesellschaftlechen Zesummenhalt, deen hei zu Lëtzebuerg schwaach ausgepräägt ass. Sech mat der Natioun identifizéieren huet ganz kloer eppes mat dem Zukunftsprojet Lëtzebuerg ze dinn, deen sech net nëmme kann op engem effikasse Staat berouen. Hei geet et ëm eng Gesellschaftsvisioun, déi gemeinsam vun allen Leit zu Lëtzebuerg entwéckelt a gedroe gëtt. Mir brauche sécher en Dram, en Ziel wou mer ons als Natioun an der Zukunft engagéieren. Villäicht solle mer iwwert d’Wäerter, wei Gerechtegkeet, Fridden, Respekt vun der Natur diskutéieren a kucken ob mer net Lëtzebuerg als Natioun an deene Beräicher als Modell wëlle positionéieren?