Fräiheet oder Eegentum? Wat ass enger Gesellschaft méi helleg? Dat freet sech de Gilles Hempel a senger Carte blanche.

Carte Blanche vum Gilles Hempel

Wann alles gutt leeft, hu mir d’Coronakris geschwënn iwwerstanen. Fir net doru futtizegoen, ware Mesuren néideg, déi net jidderengem geschmaacht hunn. Virun allem eis Fräiheete si massiv ageschränkt ginn. D’Gestioun vun der Kris war och net bëlleg. Mee „Et kascht, wat et kascht“, sot eise Premier eemol op enger Pressekonferenz.

Wann elo net nach ee Variant eis ee Stréch duerch d’Rechnung mécht, da si mir geschwënn iwwert de Bierg. Dofir mussen awer och déi Leit an deenen aarme Länner geimpft ginn. Soss wäert de Vaccin bei eis iergendwann och net méi wierken. Dowéinst gëtt elo iwwert eng temporär Suspensioun vum Patentrecht diskutéiert. Geistiges Eigentum soll vergesellschaftet ginn. An enger Kris ass dat ee legitimt Mëttel. Dat hunn esouguer d‘Amerikaner verstanen.

Elo gëtt et awer zu Lëtzebuerg nach eng aner Kris an dat mëttlerweil scho säit Joren. Laut Politmonitor maachen sech entretemps 81% vun de Lëtzebuerger Suergen em de Logement. Virun allem déi Jonk, déi en plus nach mussen d‘Fraise vun der Coronakris rembourséieren, déi wäerten et net einfach kréien.

Wa mir dës Leit eescht huelen an d’Wunnengskris wëlle seriö ugoen, da musse mir eis och do déi néideg Instrumenter ginn. Mir kéinten, en analogie zu den Impfpatenter, den Droit de la propriété op verschidden Immobilië fir eng gewëssen Zéit aussetzen. Zum Beispill op Bauland, dat vu Spekulanten zeréckgehale gëtt. Mat engem État de crise am Logement kéint de Staat sech d’Moyens gi fir sech déi Terrainen ze appropriéieren an do abordabele Wunnraum ze schafen.

Op wat waarde mir eigentlech nach?

Sinn d’Eegentumsrechter vun enger héichprivilegéiert Elite wierklech méi schwéier ze beschränken, wéi d’Fräiheete vun eis alleguer? Wer hat die Macht?

Ginn elo endlech Neel mat Käpp gemaach oder si mir gehalen, eis mat der Situatioun ofzefannen ? Nom Motto: “Wunnen zu Lëtzebuerg: dat kascht, wat et kascht. A wien sech dat net leeschte kann, dee muss säi Gléck anzwousch anescht probéieren.