De Robert Goebbels kritiséiert a senger Carte Blanche déi reng repressiv Verkéierspolitik vun der Regierung. Obwuel de Koalitiounsprogramm e méi gerechte Strofe-Katalog virgesäit, bleift et am Politiker sengen Ae beim sënnlosen Ofkasséiere vun den Automobilisten.

Carte Blanche vum Robert Goebbels

Et gëtt zu Lëtzebuerg all Joer méi Affer duerch Suiciden oder duerch Accidenter doheem ewéi Doudeger op der Strooss. Trotzdeem schéngt d'Politik nëmmen een Thema ze kennen: Null Verkéiersaffer.

Mä esou laang et Mënsche gëtt, wäerten et Accidenter ginn. Et ginn déi éischt Opfer duerch elektresch Roller. Et gi Cyclisten, déi ouni Friemawierkung zu Doud falen. D'Autoe sinn haut vill méi sécher. Eng besser d'Stroosseninfrastruktur, méi Presenz vun der Police hu fir a staarke Réckgang vun den Accidenter gesuergt.

1970, viru 50 Joer, waren 132 Verkéiersdoudeger ze bekloen. Bei deemools nëmmen 130.000 Autoen. Bei 500.000 Gefierer goufen et d'lescht Joer 26 Doudesaffer. Relativ gesi sinn ons Stroosse méi sécher ginn. Awer déi offiziell „Vision Zéro" bleift onerreechbar.

Dobäi spuert de Minister Bausch net mat Repressioun. Hie léisst monter nei Radaren opstellen. Elo kënnt nach eng verstäerkt Kameraiwwerwaachung. Et ass schonns bemierkenswäert, dass ausgerechent déi Gréng, déi mat „Interdit d'interdire" ugefaangen hunn, d'Champione vun der Repressioun ze sinn.

Iwwer eng Millioun Protokoller méi spéit gouf et 2020 trotzdeem 26 Doudeger. Obwuel am Pandemie-Joer de Verkéiersfloss vill méi kleng war.

Bei ons sinn d'Strofziedele méi deier ewéi an Däitschland oder Frankräich. D'Fransousen hunn eng Toleranz bis 5 Kilometer. Hätte mir déi zou Lëtzebuerg, géifen et een Drëttel manner Protokoller ginn. Weider 40% vun de Strofen erfale fir Iwwerschreidunge vun 6 bis 10 Stonne-Kilometer. Dës 3/4 vun alle bestrooften Automobiliste si keng Raser.

Verkéiersuerdnung ass alles anescht ewéi logesch. Wien an enger 70-km-Zone 4 km ze séier ass, bezilt 49€. Wien an enger 50-km-Zone 23 km ze séier ass, bezilt och 49 €.

Bei de leschte Walen hat d'LSAP eng Reform vum Bestrofungskatalog gefuerdert. Dat gouf am Koalitiounsprogramm zeréckbehalen.

Mä am Land decidéiert net méi d'Politik. Bei enger vum Minister Bausch organiséierter Table ronde hunn d'Lobbyiste vun der „Vision Zéro" sech duerchgesat. Si wëlle maximal Repressioun. An d'Politik kuscht!