D'Verëffentlechung vum 6. Klimabericht vum Weltklimarot fält an eng Period, an där mir Zeie vun den Auswierkunge vum Klimawandel sinn: jiddereen huet nach déi sëllegen Naturkatastrophe vun dësem Summer an Erënnerung. Och zu Lëtzebuerg sinn ewell déi massiv Auswierkunge vum Klimawandel ze spieren. De Kipp-Punkt vun +1,5°Grad Erwiermung kéint dem Weltklimarot no vill méi fréi wéi erreecht ginn.

Eng Carte Blanche vum Carlo Thelen

Zu Lëtzebuerg hunn eis Wirtschaftsacteuren net op dëse Klimabericht gewaart, fir hier Responsabilitéiten ze iwwerhuelen an ze handelen. Virun allem an der Industrie an am Energie-Secteur sinn enorm Ustrengunge gemaach ginn an deem Sënn. Et kann een och d'Handwierk an de Bausecteur als Beispill zitéieren. Oder d'Logistik an den Transportsecteur, wou massiv an d'Elektromobilitéit, an néi Business-Pläng an an alternativ Mobilitéitskonzepter investéiert gëtt.

Zu Lëtzebuerg sinn tëscht 2005 an 2017 d’Bevëlkerung ëm 28% an de PIB ëm 37% gewuess. Wärend der selwechter Zäit sinn d'Emissiounen ëm bal 25% gefall. Et ass also duerchaus méiglech, Emissiounsreduktioune mat wirtschaftlecher Dynamik a sozialem Wuelstand ze verbannen.

Lëtzebuerg soll dëse Wee weidergoen, éiergäizeg bleiwen a seng Betriber an hire Beméiungen ënnerstëtzen. D'Entreprisë sinn nämlech ee wichtegen Deel vun der Léisung beim Erreeche vun de Klimaziler. Si brauchen dofir allerdéngs ee klore gesetzleche Kader, dee si an hire Beméiunge motivéiert, a si op eng pragmatesch an onkomplizéiert Aart a Weis begleet an ënnerstëtzt. Nëmmen da kann d'Spagat tëscht Rentabilitéit an ökologescher Responsabilitéit geléngen.

Wichteg ass och, datt de Staat keng spezifesch Technologië virschreift, domat net vu vir eran de Wee fir zukünfteg - a vläicht nach méi effizient - alternativ Technologië verbaut gëtt.

Den Iwwergang op ee méi klimaneutrale Wirtschaftsmodell dierf op kee Fall op Käschte vun der Diversifizéierung vun der Lëtzebuerger Ekonomie goen. Och all Zort vu Wettbewerb-Verzerrung muss verhënnert ginn.

Lëtzebuerg kann eng Virreiderroll am Kampf géint de Klimawandel iwwerhuelen. Vill vun onse Betriber setze schonn haut déi bescht aktuell verfügbar Technologien an, fir hier Emissiounswäerter ze reduzéieren. Lëtzebuerg soll d'Ambitioun hunn, een "Innovatiounsdreiwer" a Saache Klimaschutz a gréngen Technologien ze sinn. Esou kann een z.B. iwwer weider Steiererliichterunge fir d'Recherche, d'Innovatioun an d'Investitiounen am Ëmweltberäich nodenken.

Séier, novollzéibar a pragmatesch Léisunge gi gefrot, déi mat de Wirtschaftsacteuren diskutéiert ginn. Léisungen, déi d’Attraktivitéit an d’Kompetitivitéit vun onse Betriber nohalteg festegen, zemools no dëser Kris.

Dëst ass wichteg an engem Land, dat seng Energie a Ressourcë gréisstendeels importéieren, a seng Gidder a Servicer weltwäit exportéiere muss. Eis Wirtschaft muss sech also weider entwéckelen an diversifizéiere kënnen, fir éischtens weider Recetten ze generéieren, zweetens Innovatioun a Recherche ze stimuléieren an drëttens nei Talenter hei auszebilden oder unzezéien.

Ouni des 3 Komponenten dauert eng erfollegräich digital an ökologesch Transitioun vill ze laang, an d’Zäit spillt an dësem Beräich nu mol géint eis!