A senger «carte blanche» beschäftegt sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege politesche Journalist, mat de Problemer dat biergerlecht Lager ze federéieren.

Eng Carte Blanche vum Marc Glesener

Eng Vollekspartei ouni Walvollek - esou gesäit et an de Sondagen am Virfeld vun de Wale bei eisen dätschen Noperen aus. Em déi 20 Prozent fir d’Chrëschtdemokraten, dat ass, respektiv wier, eng historesch Néierlag an d’Enn vun enger Ära. Eleng un engem Spëtzekandidat läit dat sécher net.

Et ass d’Konzept vun der Vollekspartei dat a Fro gestallt ass a gëtt. An dat ass keen däitsche Phänomen. Och heiheem ass et mat der politescher Dominanz vun enger CSV laang eriwwer. Och heiheem ass d’Konzept, an enger Partei all méiglech Stréimungen a Prioritéiten ënner een Hutt ze bréngen, eriwwer.

Dobäi kennt, datt Volleksparteien dat sougenannte biergerlecht Lager an hirem Positionnement oft ignoréieren. Et gëtt dem Zäitgeescht nogerannt, dee klassesch Medien, virun allem awer sozial Medie virginn.

Beispiller ginn et der genuch. Den Dossier Afghanistan ass e gutt Beispill. Onnuancéiert  Kritik un den USA ass hei einfach « in ». All Parteie maache mat a schéissen op den Alliéierten. Dass Europa a domat och mir verdeedegungspolitesch iwwer 30 Joer versot hunn, doriwwer kee Wuert.

Ween huet viru Joren dann um Balkan, virun der EU hirer Dir, fir Rou an en Enn vum Krich gesuergt? Ouni d’USA kee Fridden an Europa. Dat ass eng Realitéit.

Eng Verdeedegungsunioun mat 5, 6 oder 7 Prozent vun den Ausgabe fir Verdeedegung, hunn d’Europäer net hi kritt. Dat ass awer keen Thema. Schwaarz-Wäiss-Analysen nom Motto « gutt Europäer - béis USA » sinn do méi einfach.

Esouguer dee politesch bleeche Laschet ballert an Däitschland monter op d’USA fir Walkampf ze maachen. Nu jee, en ass mat senger Linn - och an anere Froen - net eleng als Chrëschtdemokrat op der Sich no Profil.