Zwee grouss Datume vun der Lëtzebuerger Geschicht sti virun der Dir. Deen ee gëtt grouss gefeiert, deen aneren ass bal ganz vergiess. Eng gutt Geleeënheet, fir iwwer d’Erënnerungskultur an d’Geschichtsschreiwung nozedenken, mengt de Soziolog Fernand Fehlen.

Carte Blanche vum Fernand Fehlen

D’Geschicht als sollech gëtt et net. Vergaangen Evenementer a Persoune gi vergiess, wann d’Erënnerung u si net waakreg gehale gëtt. Ons Geschicht gëtt et nëmmen esoulaang, wéi mir ons Geschichten iwwer si erzielen. An der Famill, an der Schoul, an de Medien.

Virun 80 Joer, den 10 Oktober 1941 hunn d’Lëtzebuergerinnen an d’Lëtzebuerger eng administrativ Enquête vun den Nazie benotzt, fir hire Wëllen zur staatlecher Onofhängegkeet ze affirméieren. Dorunner gëtt all Joer erënnert.

Zwee Deeg méi spéit ass en anere Joresdag, dee kee feiert. Den 12. Oktober 1841, also virun 180 Joer, krut de Grand-Duché seng éischt Verfassung. Et ass zwar nach eng ancien regimes Verfassung mat wéineg Rechter. Mee elo steet zumindest um Pabeier, datt all Lëtzebuerger virum Gesetz ouni Ënnerscheed vu Relioun, Rang a Gebuert gläich sinn. Un d’Fraen huet deemools nach kee geduecht. Méi praktesch Auswierkungen hat allerdéngs d’Bestëmmung, datt d’Lëtzebuerger sech sollte selwer regéieren. Dëst ass den eigentlechen Ufank vun onsem Staat mat eegestännege Gesetzer an Institutiounen. Dobäi sinn esou originell Saachen, wéi eng zweesproocheg Primärschoul entstanen an eng kleng Natioun, déi houfreg op hir Méisproochegkeet ass a gläichzäiteg eng nei Sprooch – d’Lëtzebuergesch – erfonnt huet.

Dës Sprooch gëtt et haaptsächlech, well praktesch all Awunner*inne keen Däitsch schwätze wollten, fir net vum Däitsche Räich geschléckt ze ginn, wéi et Elsass an Däitsch-Loutrengen 1871 passéiert war. A wéi d’Preisen se du Heim ins Reich huele wollten, hunn se einfach den 10. Oktober 1941 an de Questionnaire geschriwwen, hiert Lëtzebuerger Däitsch wär eng Sprooch. Och wann et nach laang gedauert huet, bis dat offiziell vun engem Gesetz unerkannt ginn ass, war dat déi eigentlech Gebuertsstonn vun onser Nationalsprooch.

Firwat dat net esou geféiert gëtt, huet vill Grënn. Déi eng halen nach ëmmer dru fest, datt ons Sprooch e musel-fränkeschen Dialekt wär, deenen anere passt et net an de Krom, well se net agesi wëllen, datt et ons Sprooch net séit éiwegen Zäite gëtt an datt de Sproochgebrauch sech ännert, wéi alles, wat Mënsche geschafen hunn. Mee dat ass eng aner Geschicht.