De fréieren Nationalpresident vum LCGB an och fréieren Deputéierte Robert Weber beschäftegt sech mat der Inflatioun an dem Index.

Carte Blanche vum Robert Weber

D’Noriichten iwwert déi zukünfteg Préisdeirecht sinn net gutt! Op der ganzer Welt ginn d’Präisser fir d'Liewenserhalungskäschten erop. Och zu Lëtzebuerg. Et gëtt geschat, dass d’Inflatioun weltwäit bis 2026 iwwer 3% leie wäert.

Inflatioun bedeit eng generell Hausse vun de Präisser a gëtt gemooss iwwert d'Indices des prix à la consommation (IPC). Déi offiziell vum Statec gerechent Inflatioun louch zu Lëtzebuerg am leschte Joer bei 0,8%. An der EU louch se bei 0,7% an am Euro-Raum bei 0,3%.

D’Fro sief emol méi erlaabt, wou dës Differenz hierkënnt?

Am Duerchschnëtt louch eis Inflatioun an deene leschten 8 Joren bei 1,1%. An dëser Zéit krute mer 4 Indextranchen. Dat sinn déi offiziell Zuelen. Et kann een dat awer hannerfroen. Ginn eis Präisser richteg erhuewen? Ass eise Wuerekuerf nach ëmmer entspriechend den Konsumgewunnechten opgebaut?

Fakt ass, mir sinn an deene leschten 10 Joer alleguerte méi aarm ginn.

Fir wat soen ech dat?

Ma well déi schläichend Inflatioun all Bierger eppes kascht an den Index dat an deene leschten 10 Joer net kompenséiert huet. Ech soen dat och, well déi gefillten Inflatioun wesentlech méi héich ass.

Déi gefillten Inflatioun gëtt vu Wirtschaftler am Duerchschnëtt ëm bal 5% méi héich geschat, wéi déi offiziell gemoossen. Dësen Ënnerscheed tëschent Gefill a Statistik kenne mer aus de Joren, wéi den Euro agefouert gouf. Mir kennen en aus de Jore vun der Finanzkris a mir kennen en aus der Corona-Zäit.

E Gefill ass sécherlech e subjektive Krittär, awer 5% Differenz tëschent Gefill an offizieller Statistik muss een dach hannerfroen!

Ass déi niddereg Inflatioun, déi mer kannt hunn, net eng Illusioun? Gëtt et dat iwwerhaapt Niddereg-Inflatioun? Experte schwätze kloer vun enger Illusioun!

Firwat hu mir an eisem Land keng Diskussioun méi iwwert den Index an d’Bemiessungsgrondlag? Ech erënnere mech nach ganz gutt, wéi mer eng reegelrecht Sträitkultur iwwert den Index haten.