De Roland Pinnel huet deslescht Abléck an e ganz spezielle Bréif gehat. Hei, wat dra stoung.

Léif Stad Lëtzebuerg,

Däerf ech mech virstellen? Mäin Numm ass Fouer, Schueberfouer.

Ech sinn dëst Joer 681 Joer al ginn. Oder soll ech soe 681 Joer jonk ginn? Well ech fille mech nach ëmmer ganz fit a gutt am Jumm.

Et huet emol e Jang ginn, deen hu se de Blanne genannt. Deen huet mech 1340 als Maart gegrënnt. Ech hu mech am Laf vun der Zäit zu enger richteg flotter Kiermes entwéckelt.

Oh, si hu mer an der Vergaangenheet scho vill Nimm ginn. Déi si gaange vu Schadebuerg bis bei schadbare Messe, Schabermess oder och nach Schobermess. Haut sinn ech houfreg Schuebermëss oder Schueberfouer oder – wéi gesot - ganz einfach Fouer genannt ze ginn.

Mä, léif Stad Lëtzebuerg, wat has Du dëst Joer aus mir gemaach? Du has mech einfach ëmgedeeft a mech Fun um Glacis genannt.

Wat huet Dech inspiréiert, fir dat ze maachen? Ech verstinn dat net.

Du hues dach mäin Numm « Schueberfouer » virun engem gudde Véierelsjoerhonnert esouguer urheeberrechtlech schütze gelooss.

Du hues mech dach 2008 an den Inventaire national du patrimoine culturel immatériel aschreiwe gelooss.

Corona hin, Corona hir. D’Pandemie kann dach wuel net d’Ursaach sinn, firwat dass De mech am Joer 2021 op eng Kéier Fun um Glacis genannt hues. D’Plaz, op där ech mech wuelfillen, war déi selwecht; d’Spiller an d’Buden, déi ech ze bidden hat, ware gréisstendeels och déi selwecht. Firwat hues Du mir also en aneren Numm ginn? Den Numm Fouer ass dach fest am kollektive Gediechtnes vun de Lëtzebuerger verankert. Déi 850.000 Leit, déi mech dëst Joer besicht hunn, hunn dat och bestëmmt esou gesinn.

Ech hunn eng gutt Kolleegin zu München. Déi nennen se do Oktoberfest oder Wiesn, well dat Ganzt sech op der Theresienwiese ofspillt. Si ass genee 470 Joer méi jonk wéi ech an huet deemno keng esou eng laang Traditioun opweises wéi ech.

Mengs Du, léif Stad Lëtzebuerg, zu München, wou dëst Joer iwwerhaapt keen Oktoberfest ass, hätten se – wann dann eent an ofgewandelter Form gewiescht wier – et Fun auf der Theresienwiese genannt? Wuel kaum!

Wann s De Der d’Bezeechnung Fun um Glacis als Marketinggag afale gelooss has, da war et e schlechten.

Dofir, léif Stad Lëtzebuerg, maach mir zuléift wannechgelift d’nächst Joer dee Feeler net méi. Da bleiwe mir zwee an Zukunft och weiderhin déi beschte Frëndinnen.

Deng léif Fouer