Um éischten Oktober sinn et nach 24 Méint bis zu den nächste Legislativwalen zu Lëtzebuerg. Kuerz virdrun, den 11. Juni 2023, sinn och Gemengewalen. Nieft de Personalitéite sinn déi verschidde Punkten a Walprogrammer e wichtege Bestanddeel vun der Walcampagne. De Marc Hostert huet en puer konkreten Erwaardungen un dës Programmer.

Carte Blanche vum Marc Hostert

No den dätschen an de franséische Wale si Bierger hei am Land 2023 gläich zwee Mol bannent 6 Méint gefrot, hire Choix ze maachen. Am Fréijoer 2024 gi mer da fir d'drëtt bei d'Urnen oder bei d'Bréifboîte, fir en neit Europaparlament ze wielen.

An verschiddene Parteie fänken d’Aarbechten un, wei een an der Aktualitéit feststellt, fir sech op déi nächst Wale virzebereeden. Nieft de Personalitéiten an de Bierger, déi op de Lëschte wäerte sinn, ass sécherlech oder sollt sécherlech de Walprogramm vun deene verschiddene Parteien och eng Entscheedungshëllef fir d‘Wieler sinn.

De Walprogramm sollt, nieft de Wäerter an Ideologien déi eng Partei vertrëtt, och déi sougenannten "Unique Selling Proposition" (USP) presentéieren, déi et dem Wieler duerch eng eenzegaarteg politesch Differenzéierung tëschent deene verschiddene Konkurrenten erlabe soll, säi Choix ze maachen.

Mir sinn nach net ganz aus der Pandemie eraus, mä vill vun eis stellen awer fest, dass dës Pandemie d'Vitesse vun der Transformatioun vun eiser Gesellschaft eropgesat huet. Pandemie huet Stäerkten, Schwächten, Limitten an Opportunitéite vun eiser Ekonomie, eiser Gesellschaft dem ganzen Ekosystem opgewisen.

D'Zäite vun der Belibegkeet sinn eriwwer. Nieft de grousse weltwäiten Erausfuerderunge wei Klimaschutz, Globalisatioun, Digitalisatioun a Fridden a Gerechtegkeet an der Welt, déi Lëtzebuerg an Europa ausgesat sinn, stelle sech fir mech hei am Land op mannst fënnef fundamental Froen:

  1. Wéi wëlle mer als pluralistesch Gesellschaft hei zu Lëtzebuerg an Zukunft matenee liewen, eis sozial Kohesioun, eis Gouvernance, eis Sécherheet organiséieren?
  2. Wat fir e Wirtschafts- a Sozialmodell wëlle mer an Zukunft hunn an ausbauen? Wat fir eng Ressourcë wëlle mer dofir unzapen a wo kréie mer se hier?
  3. Wéi kréie mer méi Durabilitéit an eise System ouni ëmmer méi Ressourcen ze brauchen?
  4. Wéi soll Lëtzebuerg am Joer 2030 sinn?
  5. Wat fir eng Zukunft bidde mer eiser Jugend hei zu Lëtzebuerg, déi an de leschten zwee Joer massiivst ënnert der Pandemie gelidden huet?
Ech erhoffe mer, dass d'Parteien déi 24 Méint virun den nächste Walen och notzen, fir en Deel vun dëse Froen aus hirer Sicht probéieren se beäntwerten an hire jeeweilege Walprogrammer, an net der Belibegkeet verfalen. Well soss hätte mer just de Choix tëschent Cola oder Pepsi!