Engem Uhu begéint een net all Dag. An nach manner heefeg op engem vun de frequentéiertsten Touristen-Weeër an der Stad. Eng Carte blanche mat Happy End vum Patrick Michaely.

Carte Blanche Patrick Michaely

Eilen dierfte mat zu de bekanntste Vulle gehéieren, an dach kennt ee se kaum. Well jiddweree kann aus dem Verhalt eng Eil molen, mee frot eemol ronderëm Iech, wien da schonns eng gesinn hätt (also fräi an der Natur, an net eng aus dem Vullepark, oder eng ausgestoppten aus dem Musée). Meeschtens rëselen d’Leit dann de Kapp, denke méi oder wéineger laang no a bemierken dann: Ech mengen net. Ganz éierlech, ech selwer hu leider och nach ni eng fräi an der Natur gesinn.

Ech sinn duerfir och e bëssi jalous op eng Aarbechtskolleegin aus dem Musée, déi ufanks der Woch op hirem Wee op d’Aarbecht am Gronn um Stierchen engem Uhu begéint ass, deen do matzen um Wenzelwee souz an net zefridden Téin ofginn huet, wann ee probéiert huet laanscht en ze kommen. Fortfléie wollt oder konnt e scheinbar net méi. En Uhu ass mat engem Gewiicht vun dräi Kilo, enger Kierperlängt vun 72 Zentimeter an enger Flillekspaanwäit vu bis zu 1,75 Meter en imposante Vull, dee sech net just mat klengem Gedéiesch begnüügt, mee och mol Juegd op gréisser Beit wéi Réikitzen, Kaweechelcher, Marderen, mee och Kazen oder aner Gräifvulle mécht. Et geet duer e Bléck op d’Krallen ze geheien, da weess ee Bescheed. Uhue bréien a Fielsen, sou dann och an der Stad. Zeréck zu onsem Uhu um Stierchen. Dat aarmt Déier hat den Tommel an eng Gehiererschütterung, huet de Veterinär aus der Opfangstatioun fir wëll Déieren vun Diddeleng gemengt, nodeems d’Kolleegin d’Leit vum Musée a vum Stater Vulleschutz alarméiert hat, déi den Uhu dunn do hi bruecht haten. Et geet dem Déier mëttlerweil och erëm besser. Et steet elo nach e puer Deeg ënner Beobachtung, ier et dann erëm am Gronn ausgesat gëtt.

Dat ass dach mol eppes Anescht wéi ëmmer déi selwecht Corona-News an aner Hiobsbotschaften, huet e Journalist vun enger grousser Dageszeitung hei zu Lëtzebuerg mir geschriwwen. Jo, esou eng onerwaarte Renconter markéiert. D’Natur ass nach ëmmer en Erliefnes a bitt glécklecherweis och fir Leit, déi dagdeeglech mat hir am Kontakt stinn nach ëmmer Iwwerraschendes a Stimulantes. Dat war och an deene ganz ville Reaktiounen an der Press an an de soziale Medien ze spieren.

D’Kolleegin hat awer och de gudde Reflex gehat d’Déier ofzeknipsen an iwwer eng Citizen Science App online ze setzen. Mol dovunner ofgesinn, datt dës Fotoen de Buzz iwwerhaapt an der Press an an de soziale Medien ausgeléist hunn, si se en plus eng zousätzlech Donnée, déi an d’Biodiversitéitsdatebank vum Musée fléisst. E weidert kleng Puzzelstéck also an der Erfaassung vun der Biodiversitéit hei am Land. Ouni den Apport vun de sëllegen Amateur-Naturalisten uechter d’Land wier dës mëttlerweil och net méi ze schaffen. Hinnen alle sief mat dëser Geschicht mat Happy End dann och Merci gesot.

*De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker, Coordinateur vum Science Festival an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun. Hien ass Member vum lëtzebuergesche Comité vum International Council of Museums.