Méi grouss, méi séier, nach besser. D’Superlative kommen net no, fir déi extrem Entwécklungen, déi mir duerchliewen, ze beschreiwen. Mee net all Fortschrëtt ass an allen Hisiichten eng reell Verbesserung … Eng Carte Blanche vum Christiane Bram, Ekonomistin a Kommunikatiounsexpertin.

Carte Blanche vum Christiane Bram

Op där enger Säit luewe mir eis permanent mat Meta-Donnéen dat alles méi séier, méi erreechbar, a méi effikass gëtt.  An engems gi mir stänneg mat grousser Nout a Misär uechter d’Welt confrontéiert. Sief dat bei eis heiheem mat extremen Iwwerschwemmungen, oder méi wéit ewech mat aneren Naturkatastrophen, Epidemien oder Krich.

Op de Reseaue wiesselen sech an engem erschreckende Rhythmus Biller of vun Héchstleeschtung an neie Limitten déi iwwerschratt ginn, mat Andréck vun zerstéierte Regiounen, Mënschen déi Honger mussen leiden, kranke Kanner an anerem Misär.

Schockéieren deet dat awer kee méi. Mir sinn un e séieren Rhythmus vun ofwiesselende Stëmmungsmomenter gewinnt an iwwerraschend onsensibel fir dramatesch Biller ginn. Dës loossen eis méi oder manner kal, mir hunn e gutt Gewësse well mir reegelméisseg gutt Zwecker punktuell ënnerstëtzen. Sou swipe mir séier zu der nächster méi erfreelecher Noriicht virun.

En direkte Lien tëscht eisen technologeschen an aneren Progrèsen, an Naturkatastrophen oder Krankheeten déi sech ëmmer méi verbreeden, ass net kloer vun engem Neophyt erkennbar. D’Statistiken an d’Recherchen dozou ginn net publizéiert, oder guer net duerchgefouert well kee Budget disponibel ass, respektiv keng Sponsoren do sinn.

Eise Liewensstil huet sécher en Afloss op dat wat mat eiser Äerd geschitt, souwéi op d’ëffentlech Gesondheet. Et soll op Keen mam Fanger gewise ginn, mee Pharmakonzerner sinn ee vun de Beispiller wou e Lobby-Grupp eng enorm Roll spillt a vill betraffen Acteuren, wéi ënnert anerem déi aus dem medezinesche Beräich dat Ganzt ënnerstëtzen.

Natierlech sinn och ech frou am 21. Joerhonnert e medezinesche System ze hunn de vill Krankheeten heelt an impressionnant Agrëffer um mënschleche Kierper duerchféiere kann. Et ass awer och bewisen dat eng ganz Rei natierlech Substanzen déi net patentéierbar sinn, besser Resultater bréngen wéi deier Medikamenter. Leider verschwannen dëss Substanze reegelméisseg vum Maart a ginn och wéineg vun Doktere verschriwwen. Recherchen zu der Effikassitéit an d’Publikatioune vun de Resultater ginn international och net ënnerstëtzt well kee grousse Profit ze maachen ass. Sou kéinten déi ëffentlech Fuerschungsinstituter zum Beispill virun Allem op Léisunge recherchéieren déi kee grousst Maartpotenzial hunn.

Dëst ass ee Beispill wou d’Lobby vun de weltwäiten Industriekonzerner vill ze grouss ass, fir dat ee Land respektiv eng Wirtschaft sech erlabe kéint eppes dogéint z’ënnerhuelen. Mir brauche jo de permanente Wuesstem fir eis Käschten ze decken. D’Politik mécht nach d’Aen zou a léisst sech matzéien. Mee wéi laang packt dëse Gesellschaftsmodell et nach bis e kippt?