Normalerweis wann een 100 Joer feiert, da gratuléiert jiddereen!

Carte Blanche vum Nora Back

Beim Index ass dass dat leider net sou. Obwuel e sech u sech gutt gehalen huet. Obwuel u sech jiddereen dovu profitéiert, net nëmmen déi schaffend Leit. Och d’Rentner. An deemnächst och rëm d’Kanner. Och d’Ekonomie profitéiert dovunner. Den Index soll d’Kafkraaft erhalen. E mécht also méiglech, datt d’Menage kënne consomméieren an dat hëlleft an domadder all déi Entreprisen, déi fir de lokale Marché schaffen.

Den Index ass och en Instrument, wat et méi einfach mécht, de sozialen Fridden am Land ze erhalen an ass domadder e wichtegen Deel vun der Successstory vun der Lëtzebuerger Ekonomie.

Leider hu verschidden Patronatsvertrieder dat nach net agesinn. A soubal d’Inflatioun e bëssen unzitt oder eng Indextranche erfält, da kënnt erëm déi al Leier an all déi falsch Kriticken um Index.

Et ass jo cocasse fir festzestellen, dass Leit, déi sech normalerweis net souvill Suergen ëm di wuessend Inegalitéite maachen op eemol den Index kritiséieren, e wier net sozial gerecht.

Nach eng Kéier : den Index ass en Instrument fir d’Kafkraaft ze erhalen. En ass net do fir Ëmverdeelung, en ass och keen ëmweltpolitescht oder gesondheetspolitescht Instrument.

Wa mer méi Gerechtegkeet wëllen, da musse mer un der Steierschrauf dréien. Mir mussen déi ganz héich Léin méi besteieren an di niddreg a mëttel Revenue manner. Da bleift bei deenen engen Netto manner Rescht vun der Indextranche a bei deenen aneren méi. Sou geet Ëmverdeelung vun uewen no ënnen.

An och eng Deckelung vum Index, wéi se alt emol virgeschloe gëtt, ass keng sozial Mesure. Doduerch kritt kee Salarié eppes bäi. Et ass just eng Mesure en faveur vun de Patronen. Si geheit déi ganz Gehälterstruktur an d’Kollektivverträg op d’Kopp. Si géif och mat sech bréngen, dass allgemeng d’Léin manner klammen, an domadder dann och de Mindestloun an d’Pensiounen. Déi kleng Akommes wieren also trotzdeem Perdant.

Mir ginn awer gäre mat de Patronatsvertrieder op de Wee fir méi sozial Gerechtegkeet. Mir sinn och gär bereet mat hinnen iwwert eng Verklengerung vun der Lounschéier ze schwätzen, zum Beispill iwwert de Wee vu méi Kollektivverträg.

Mee wa mer sou Propose maachen, dann héiert ee leider wéineg Begeeschterung vun deenen, déi soi-disant wëlle méi sozial Gerechtegkeet.

Den Index ass do fir d’Kafkraaft ze erhalen. An duerfir muss en och d’Konsumverhale vun den Leit refletéieren. An et dierfe keng Produiten an och keng Taxen aus dem Wuerekuerf rausgeholl ginn.

D’Logementspräisser zum Beispill si jo e groussen Deel vun den Ausgaben um Enn vum Mount. A si fanne sech awer net wierklech am Indexwuerekuerf erëm. Hei muss och nogebessert ginn.

Den Index ass also onëmgänglech. En ass op sou ville Punkte wichteg , Ech muss awer och soen, den Index ass wichteg, mee e geet awer net duer, well e jo eben d’Kafkraaft net stäerkt, mee just erhält.

An dat grad elo, an enger Phas, wou vill Leit Akommesverloschter haten duerch d’Coronakris a wou lo d’Energiepräisser explodéieren.

Doriwwer raus misst d’Regierung eng ganz Rei aner Mesuren huelen fir d’Kafkraaft lo direkt ze stäerken. Dat geet vum Kannergeld, iwwert d’Allocation de vie chère an bis bei d’Steierkreditter.

Den Index kann dat net alles eleng. Mee en ass awer e wichtege Bestanddeel vum Lëtzebuerger Modell an huet vill fir d’Lëtzebuerger Ekonomie, Salariéen a Rentner geleescht.

Duerfir, tada, Happy Birthday Index, an op di nächsten 100 Joer!