D'Ausso mir hätten a Covid-Zäite kee Choix, rifft no e puer Iwwerleeungen. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

Carte Blanche vum Jean-Luc Thill

Um Pressebriefing vum 8. Oktober huet de Premier gesot: "Mesurë maache Liewe vun net-geimpfte Leit manner agreabel, mä mir hu kee Choix". Här Bettel – do muss ech Iech leider widderspriechen.  Et ass grad, an zum Gléck ëmgedréint: mir hunn e Choix, respektiv Dir kënnt wielen, eleng oder als Regierung. D'Méiglechkeet tëscht Alternative kënnen ze wielen, mécht fir vill Leit de Mënsch iwwerhaapt eréischt aus – an dat net nëmmen aus philosophescher Siicht. Ironescherweis ass et souguer eenzeg an eleng der Tatsaach, datt de Mënsch wiele kann, geschëlt, datt Dir déi Positioun hutt, also déi vum Premierminister. Dat soll awer net heeschen, datt d’Situatioun eng einfach wier – loin de là! An der Ried zu der Lag vun der Nation sot Dir op en Neits: «mir hunn kee Choix», dës Kéier am Kontext vum Klimawandel. An och do haten a hu mer d'Wiel. Mir kënnen den zukünftege Generatiounen een onmënschleche Planéit hannerloossen – datt mer dat net wëllen, dat ass ee Choix. Genau dat huet de Camus gemengt, wéi e behaapt huet, de Fräidoud wier den eenzege philosophesche Problem – et ass e Choix, dee kee wëll, datt e Mënsch en hëlt.

Sou huele mer nach haut Leit op d'Geriicht, déi viru méi wéi 70 Joer den Nazie bei hirem Genozid gehollef hunn – dat zu Recht.

D'Fro, déi sech stellt ass, ob ee par analogie, net och déi Leit virun e Geriicht misst stellen, déi virun 30 Joer oder méi, respektiv manner, déi falsch Entscheedunge getraff hunn a fir zeg dausende vun Zivilisatiounskrankheeten a Stierffäll responsabel sinn. Vum sënnlosen Doud am Auto bis hin zum Kriibs zB duerch Asbest. De Phänomen vun den Zäregasen ass ëmmerhin iwwer 100 Joer bekannt. Bei Iech wéi bei mir war d'Ozonlach sengersäits en aktuellt Thema am Geographiescours an och dobaussen an der Gesellschaft.

De Sartre huet et senger Zäit ganz spëtz formuléiert: «Ni wier Frankräich méi fräi gewiescht wéi ënnert der däitscher Besatzung» - eng Ausso déi eleng geholl och gäre falsch verstane gëtt. Gemengt ass, datt de Mënsch an Ausnamesituatioune senger Handlungsfräiheet vill méi bewosst gëtt, wann en Entscheedungen hëlt, kuerz e Choix trëfft.

Dofir wier et méi souverän gewiescht, dem Bierger dat kloer ze soen, datt och déi bis ewell leschten Editioun vum Covid-Gesetz de Choix vun dëser Regierung ass. De Versuch, d'Autoritéit vun engem Argument net autoritär ze vermëttelen, war an dësem Fall kontraproduktiv. Wann net dës Regierung an Dir als Premier, wie soll dann de Choix getraff hunn?

Bis ewell goufen och vill richteg Entscheedunge geholl – den Statec huet dat nach leschte Freideg confirméiert, zB beim Choix tëscht der Gesondheet vum Eenzelen an der Ekonomie am Ganzen.

Sou bleift zum Schluss nawell déi gutt al Fro: “to be or not to be?”, zënter dësem Joer mam Zousaz “vaccinated” also geimpft oder net. Woubäi déi vernënfteg a rationell Äntwert ob dës Fro kloer ass – an do, Här Bettel, ginn ech Iech perséinlech ganz Recht. Ech hoffen Dir kënnt nawell akzeptéieren, datt mer, wéi scho beim Shakespeare, all e Choix hunn!

Links: https://www.philo52.com/articles.php?lng=fr&pg=188

“Jamais nous n’avons été aussi libres que sous l’occupation allemande » Jean-Paul Sartre, « La République du silence

https://gouvernement.lu/lb/actualites/toutes_actualites/discours/2021/10-octobre/12-etat-de-la-nation.html

Voir page 6 version pdf

https://www.spektrum.de/lexikon/philosophie/willensfreiheit/2234

https://www.spektrum.de/lexikon/philosophie/handlungsfreiheit/852