En Artikel iwwert de rekonvaleszte Felix Braz ze schreiwen, huet journalistesch säi Reiz, well et vill Leit dierft interesséieren. Wann dann awer Saachen op d'Tapéit kommen, déi net dohi gehéieren, geréit dat Ganzt gär zu engem Selbstgol.

Carte Blanche vum Claude Schettgen

De leschte Samschdeg war, nom Opléise vum Niwwel, gutt Wierder gemellt, e gudden Dag deemno, wou ech méi spéit wollt Sport dreiwen. Fir d'éischt awer war wéi ëmmer Kaffi an uschléissend Zeitung liesen ugesot. Dobäi falen ech heiansdo op d'Doudesannonce vun engem gudde Bekannten, déi mir och bei guddem Wierder d'Laun verdierwen. De 16. Oktober war et d'Säit 102 vum Wort an den Artikel iwwer justement de Felix Braz.

Dat wat dem Ex-Justizminister gesondheetlech an duerno implicitement mat senger Karriär geschitt ass, ass héchst bedauerlech a wënscht ee kengem, au contraire, hoffentlech gëtt hien erëm wéi virdrun. Wat awer als Detailer iwwer seng Finanzen am Artikel stoung, gehéiert net dohin, à moins et wëll een och Ruff-technesch selwer Demontage bedreiwen. Den Zuelen no, déi do publizéiert goufen, ass de Stot vum Ex-Minister duerch seng Indispositioun vu 24.500 Euro Verdéngscht de Mount op 5.700 gefall, dovun en fräiwëllege Minus duerch de Beruffsverzicht vu senger Fra vu 6.500 Euro an doduerch huet d'Famill Braz anscheinend net méi genuch bei 2 Kanner, fir ze liewen, ëmsou méi si elo nach, moyennant frais en Affekot asetzen, fir Kompensatiounen anzekloe par Rapport zu Prozeduren, déi jusqu'à preuve du contraire vun de Responsabele laut deenen hiren Aussoen, richteg agehale goufen.

Ech si kee Jurist, mä an dëser Affär just en deroutéiere Lieser deem, genee wéi wuel der Abberzuel Revis-Empfänger, den honnerte Landsfrae vum Här Braz, déi schwaarz botze ginn, an och fréiere Guttverdénger, déi haut och zu den zolidd gestutzte Pensionäre gehéieren, ouni déi ze vergiessen, déi fréi an hirem Beruffsliewen Invalid oder Wittfra vun engem Elengverdénger gi sinn, wuel dee Moien de Kaffi eropgestouss ass, wéi si dat gelies hunn. Nach eng Kéier, dass dem Felix Braz, deen ech ëmmer als Minister kompetent an als Privatpersoun sympathesch fonnt hunn, dat zougestouss ass, huet him kee gewënscht. Dass ee private Frust mat där Zort Argumenter a vrun allem esou Zuele muss public maachen, ass senger net würdeg. A sief et nëmmen, well menger Meenung no och Ex-Politiker, Schicksal hin oder hier, sozialpolitesch Responsabilitéite solle behalen.

Bleift ze hoffen, dass vläicht de Journalist méi geschriwwen huet, wéi hien hätt sollen, dat kann een nach vläicht an engem 2. Artikel op d'mannst versichen, riichtzebéien, a vrun allem an Zukunft, virop en Droit de lecture reklaméieren, ier esou heikel Saachen, déi net dohi gehéieren, an der Zeitung stinn.