D’Fro vun de Flüchtlingen ass an der leschter Zäit an den Hannergrond geréckelt. Dat huet och eppes domadder ze dinn, dass d’Zuele vun de Leit, déi eng Demande stellen, an den Zäite vum Lockdown staark zeréck gaange sinn. Fundamental huet sech wéineg geännert, den Drock bleift an d’Äntwerten, bei ons an an Europa, loossen op sech waarden. Eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog.

Carte Blanche vum Paul Estgen

No der Pandemie ass virun der Pandemie, kéint ee soen, wann et ëm d’Fro vun de Flüchtlinge geet. Déi International Situatioun am Beräich vun de Mënscherechter huet sech net verbessert. D’Zuel vun de Leit, déi mussen aus hirem Land flüchten, bleift ongebrach an och d’Zukunftsprognos vun der Entwécklung am Beräich Demokratie oder Klimawandel sinn éischter alarmant a féieren dozou, dass nach vill Leit an Europa Schutz sichen. Déi Europäesch Politik, gedroe vun enger grousser Majoritéit vun de Länner aus der EU, ass déi vum Ofschotten. Dat heescht ganz konkreet, dass mer mat europäesche Gelder Maueren a Stacheldrot bezuelen, fir ons Baussegrenzen zouzemaachen. Doniewent e puer flott (an deier) Ofkommes mat Länner wéi der Tierkei a Libyen, alles Länner mat engem irreprochabelen Demokratieverständnis, fir dass si d’Flüchtlingen zeréck halen. Wann et muss sinn, maache mer och nach e puer illegal „Pushbacken“, just vir de Flüchtlingen ze weisen, dass se net Wëllkomm sinn. Schold hu jo Diktatore wéi de Loukachenko, deen d’Flüchtlingen als Waff benotzt, oder d’Mafia vun de Passeuren. Heiansdo vergiesse mer ze soen, dass et iwwerhaapt keng Méiglechkeet gëtt, fir legal an Europa ze kommen.

Fir hier europäesch Positiounen an dësem Dossier kann een ons Regierung luewen. Domadder kënne mer dann och mat guddem Gewëssen an der UN-Mënscherechts-Kommissioun siegéiere goen. Mä et geet trotzdeem net duer.

Mer alleguerten als Europäer mussen haut verlaangen, dass d‘Grondwäerter vun der Union garantéiert ginn. D‘Skandaler wéi illegal Zréckweisungen a brutal Aktiounen un de Grenzen an Europa, déi och deelweis vun der Frontex matveräntwert sinn, musse viru Geriichter kommen. Ons europäesch Gelder gi gebraucht fir den Accueil vu Flüchtlingen, net fir Europa, als Festung auszebauen.

An den Noriichten gesäit ee wéi Flüchtlingen un europäesche Grenze mësshandelt ginn an net zu hirem Recht kommen. Ech maachen eng kleng Parallel zu der Offizieller Zeremonie a Frankräich vun der Nationaler Entschëllegung fir d’Algeresch Affer vun der Manifestatioun 1961. E wichtege Moment fir d’Wourecht an d'Gerechtegkeet vun enger Natioun. Mä all sou Zeremonien, sou wichteg se och sinn, mussen och e Verspriechen sinn, dass dat ni méi virkënnt.

Onst Engagement ass haut do gefrot, wou mir d’Verantwortung droen. Ech wëll net, dass a 50 Joer ons Enkele sech mussen entschëllegen, am Numm vun hirem Land oder Europa, fir dat Onrecht, wat mer ze veräntwerten hunn. An deem Moment wäerte si dann hiert Onverständnis ausdrécken, iwwert dat, wat deemools geschitt ass. Un ons haut, fir déi Geschicht anescht ze schreiwen an ze kucken, dass mer eng mënschewierdeg Asylpolitik kréien, déi am Aklang vun onse Wäerter steet.