A senger Carte Blanche schwätzt de Jean Huss, President vun Akut an Exdeputéierten, haut iwwert d'Preventioun vun Ëmweltkrankheeten, wéi dat gemaach gouf a wéi et haut de Fall ass.

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Als President vun AKUT, dem Aktiounskommitee fir Ëmwelttoxikologie, kann a wëll ech hei elo net iwwer Infektiounsrisiken duerch Viren oder déi ëmstridde Coronaproblematik schwätzen.

Et ginn nämlech vill aner Inflammatiouns- an Infektiounsrisiken, déi haaptsächlech ëmwelt- a  schuedstoffbedéngt sinn, déi mir perséinlech méi Suerge maache fir eis Gesondheet a fir d’Zukunft vun eise Kanner.

D’WHO schwätzt an deem Kontext vun iwwer siwe Milliounen Doudeger all Joer eleng duerch Fäinstëbsemissiounen, déi europäesch Ëmweltagence vun 63.000 eleng an Däitschland. Mä och aner chronesch Belaaschtungen duerch Schwéiermetaller, Elektrosmog, Pestiziden oder awer geféierlech Chemikalie wéi z.B. Bisphenol A oder Weechmaacher a Plastik oder cheemesch Flammschutzmëttelen a Büroen oder Stéit maache krank. Si féieren zur Schwächung vun eiser Immunitéit an zur Schiedegung vun eiser Immunbalance, zur Dereguléierung vun hormonellen an neuronale Funktiounen an doduerch zu ëmmer méi chronesche Krankheeten: ëmmer méi Allergien oder Autoimmunitéit, vill ze vill Kriibs scho bei Jonken, Diabetes, Nervekrankheeten, Autismus, Depressiounen an esou virun.

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Net nëmmen heizuland, och europa- a weltwäit gëtt vu Politiker a Vertrieder vun offizielle Gesondheetsinstitutiounen an hire Sonndesrieden déi onverzichtbar Bedeitung vu Krankheetspreventioun ënnerstrach. D’Realitéit vu lächerlech niddrege budgetäre Mëttelen, dofir schwätzt awer eng aner Sprooch, an e couragéiert preventiv politescht Virgoe géint all déi virdru genannte Schuedstoffer an Ëmweltgëfter, déi déi ganz Regierungen iwwert de Gesondheetsministère eraus géifen engagéieren, gëtt et bis haut leider net. D’Ursaach dofir ass albekannt: zu Bréissel bei der EU-Kommissioun an an den Büroe vun de nationale Staatsministere bewierkt de Lobbyismus vun all den ëmwelt- a gesondheetsbelaaschtenden Industrien a Konzerner leider vill méi wéi d’Appeller fir de Schutz vun Natur, Ëmwelt a Gesondheet.

Ëmmerhin, léif Nolauschterer, stinn am Regierungsprogramm eng Partie interessant Verspriechen: méi Preventioun a Fuerschung a Saachen Ëmwelt, Gesondheet an Ëmweltmedezin, medezinesch Aus- a Weiderbildungsofferen a Saache klinescher Ëmweltmedezin, fir déi am schlëmmste betraffen Ëmweltkranker, och speziell Behandlungs- a Krankenzëmmer am Spidol an e Remboursement, fir speziell ëmweltmedezinesch Diagnostik, an Therapiekäschten duerch d’Sécurité sociale.

Akut waart gespaant, wat dann elo endlech op dësem Gebitt geschitt!