Lëtzebuerg am UNO-Mënscherechtsrot - eng excellent Geleeënheet, mam gudde Beispill vir ze goen!

Lëtzebuerg ass elo Member vum Mënscherechtsrot vun der Generalversammlung vun de Vereente Natiounen zu New York a muss sech selwer froen, ob all Mënschen zu Lëtzebuerg an Dignitéit an am Respekt vun de Mënscherechter wunnen a liewe kënnen.
Zu Lëtzebuerg lieft eng Populatioun, déi ëmmer erëm vergiess gëtt an déi net an de Genoss vu soziale Moossname vun eisem Staat kënnt, zemools elo wärend der Covid-Kris.
Et sinn di sougenannte Sans-Papiers. Mënschen, déi wuel Identitéitspabeieren - e Pass, eng national Identitéitskaart oder e Gebuertsschäin, mä keng legal Openthaltsgeneemegung fir de Grand-Duché hunn. Wien sinn dës Leit?
Vill vun hinne waren iergendwann regulär bei eis am Land, si mat engem gültege Visa bei eis agereest oder haten eng Demande d’asyle bei eis gemaach. Si hunn iergendwann d’Recht verluer, zu Lëtzebuerg ze bleiwen, entweder well se hir Aarbecht verluer hunn, well hir Asylufro refuséiert gouf, well hir Studienzäit op der Uni fäerdeg war oder well se gescheet gi sinn.
Duerch d'Pandemie huet sech hir d'Liewenssituatioun drastesch verschlechtert. Well et se offiziell net gëtt, waren d'Sans-Papiers vun de Gesondheets- a Sozialmoossnamen ausgeschloss, vum Large Scale Testing bis zum Chômage partiel. Si hu keen Urecht op sozial Transferte vum Staat, och wa se scho jorelaang hei liewen!
Zanter Abrëll 2020 huet d'Zivilgesellschaft sech mobiliséiert a méi wéi 500 Sans-Papiers mat Liewensmëttel ënnerstëtzt - dorënner ware méi wéi een Drëttel Mannerjäreger!
Zu Lëtzebuerg gëtt kaum iwwert dës Sans-papiers geschwat, mir maache wéi wann et se net géif ginn, obwuel mir all Dag mat hinnen zesummeliewen. Si hunn eng Wunneng, hir Kanner gi mat eise Kanner an d’Schoul, oft botze si bei eis, kache fir eis, schaffen op Chantieren oder am HoReCA-Beräich – alles ouni ugemellt ze sinn.
Solidaritéit a Krisenzäiten, e richtegt Engagement fir d'Mënscherechter, heescht alle Leit d’Méiglechkeet ze ginn, an Dignitéit ze liewen, egal wéi eng Nationalitéit, sozial Klass an administrative Statut se hunn. Eist Immigratiounsgesetz muss esou reforméiert ginn, dass kee méi zum Sans-Papiers gemaach gëtt. Eng resolut mënschlech Äntwert op e gréisstendeels administrative Problem.
Vill Sans-Papiers liewe scho säit laange Jore bei eis. Si brauchen onbedéngt eng gesetzlech Méiglechkeet, fir en normaalt Liewe féieren ze kënnen, an der Ausnotzung duerch verschidde skrupellos Employeuren ze entkommen. D'Regulariséierung vum Openthalt vun dëse Leit hänkt bis ewell eenzeg an eleng vum gudde Wëlle vum Immigratiounsminister of.
Eng transparent Prozedur fir d'Regulariséierung am Lëtzebuerger Gesetz ze verankeren, wier grad elo bei eisem Untrëtt am UNO-Mënscherechtsrot e staarkt Zeeche vu Solidaritéit a Mënschlechkeet!