Den Ernierungsprozess bezitt eng ganz Kette vun Acteure mat an, ugefaange beim Bauer. Ee participativen Ernierungsrot kéint een Instrument vun "Zesummen Agéieren" sinn, am Sënn vun enger nohalteger Landwiertschafts- an Ernierungspolitik.

Carte Blanche vum Francis Schartz

D'Ausbildung am neie Lycée technique Agricole zu Gilsdref weist den zukünftege Baueren hir Missioun an enger Welt, déi dringend muss de Klimawandel an de Verloscht u Biodiversitéit an de Grëff kréien. Et kann ee sech awer froen, ob all d'Bauere verstanen hunn, datt si en Deel vun der Léisung vun den Ëmweltproblemer kënne sinn, andeems si duerch méi eng extensiv Landwirtschaft mat zousätzlechem Ubau vu Geméis, biologesch héichwäerteg Produkter hierstellen, déi d'Besoine vum regionale Maart decken? Gläichzäiteg gi si Fleeger vun der Landschaft a Garant vun der Biodiversitéit. Dofir brauche si eng adequat Bezuelung, mä och technesch a wëssenschaftlech Hëllef. Wichteg ass och, datt genuch fruchtbare Buedem zur Verfügung steet. Ee Kadaster vu geschütztem Agrarland wier dofir néideg.

Och de Konsument muss matspillen a bereet sinn, fir Qualitéitswuere vu heiheem ze kafen. Vill vun eise Geschäfter hunn erkannt, datt dës Bereetschaft ufänkt ze wuessen. Eng änlech Tendenz kann een a ville Restaurante feststellen. An de Schoulkantinnen ass awer nach Loft no uewen. D’Hotelschoul setzt bei der Ausbildung vu Käch a Restaurateuren op d'Kaart vun der Nohaltegkeet. Mat der kierzlech vum EU-Parlament gestëmmte Strategie "From farm to fork" verknëppt d'EU déi verschiddenen Acteuren aus der Ernierungsketten a bekennt sech zu enger nohalteger Land- an  Ernierungswirtschaft.

Am Colloque vum 21. Mäerz vun Infino, der Initiativ fir Nohaltegkeet, gouf dës Strategie presentéiert. Och d'Iddi vun engem Ernierungsrot fir Lëtzebuerg gouf virgestallt: Duerch ee participative Prozess, an deem all d'Acteuren aus der Liewensmëttelkette vu vireran agebonne wieren, sollt ee Gremium geschafe ginn, fir d’Liewensmëttelpolitik ze koordinéieren an d’Regierung dozou ze beroden. Dës Iddi, déi och am Regierungsprogramm steet, gouf vum Landwirtschaftsministère opgegraff an dem Parlament presentéiert. Leider ass beim Ausschaffe vun dësem Projet d'Geleeënheet verpasst ginn, all betraffen Acteure mat anzebannen an dem Impakt op d'Ëmwelt genuch Rechnung ze droen.

Un dëser Virlag muss also nach gefeilt ginn, fir datt den Ernierungsrot een Instrument gëtt vun engem wëssenschaftlech baséierten "Zesummen Agéieren" am Sënn vun enger dringend noutwenneger, nohalteger Landwirtschafts- an Ernierungspolitik.