Et wär wichteg gewiescht an et bleift wichteg, datt d'Chamber vu sech aus e Referendum zur Verfassungsreform initiéiert hätt.

Aus Respekt virun de Wieler*innen awer och, fir de Rietspopulisten de Wand aus de Seegelen ze huelen. Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf.

Dräi Schrëtt vir an zwee zeréck – déi Reegel gëllt zwar schonns laang net méi bei der berüümter Sprangprëssessioun vun Iechternach – an dach kënnt se engem direkt an de Kapp, wann een kuckt, wéi d'CSV mam Thema Verfassungsreform ëmgaangen, jo ëmgesprongen ass.

Nodeem sech am Ufank vum leschte Joerzéngt déi staatsdroend Parteien ënnert der Fiederféierung vum CSV-Deputéierte Paul-Henri Meyers eens waren, eng Gesamtreform vun der Verfassung duerchzezéien, gouf op eemol d'Brems gezunn.

An zwar vun der CSV, déi 2013 onfräiwëlleg an - wéi mer haut wëssen - dauerhaft an d'Oppositiounsroll gedrängt gouf. Aus dem Motzeck eraus gouf du verhënnert, datt eng Regierung ouni CSV-Bedeelegung sech dës Reform sollt kënnen op de Fändel schreiwen. Op eemol huet et nämlech geheescht, de Vott zur Verfassungsreform kéint eréischt no de Wale vun 2018 stattfannen.

No Walen, fir déi et fir d'CSV kloer war, datt si se géing haushéich gewannen. Am Virfeld gouf da vun der CSV – an anere Parteien – an de Walprogrammer versprach, d'Verfassungsreform duerch e Referendum bestätegen ze loossen.

D'CSV huet allerdéngs 2018 nach méi schlecht ofgeschnidde wéi fënnef Joer virdrun. An der Suite dovunner gouf d'Reform, awer och d'Versprieche vun engem Referendum ad acta geluecht. Et gouf en neien Accord a Form vu véier Deelreformen, déi awer ouni Referendum sollte gestëmmt ginn. Dat Ganzt op explizitt Demande vun der CSV hin.

Domadder goufen net nëmmen di eege Wieler*inne virun de Kapp gestouss, mä och nach de Rietspopulisten bannen a baussent dem Parlament Geleeënheet gebueden, mat groussem Tamtam no Verrot ze blären.

Esou konnten och nach all Zorte vu Märercher iwwert den Inhalt vun der Reform verbreet ginn, anstatt datt offensiv, mat enger fir all Mënsch zougänglecher Campagne, am Virfeld iwwert Sënn an Zweck vun der Reform debattéiert gouf.

An elo gesäit d'CSV dat nees anescht a seet, op d'Vollek wëllen ze lauschteren.

An zwar wa mindestens 25.000 Leit ausgerechent eng vun der ADR inzeenéierter Chamberspetitioun ënnerschreiwen, déi sech mat rhetoresch formuléierte Froe géint dës Reform ausschwätzt.

Si gëtt des Erklärung kuerz virum Vott vum éischten Deel vun der Reform, a léisst domadder den anere Parteie keng Chance fir d'Konsequenzen, déi dorausser entstinn, ze iwwerdenken.

Duerch de Vott, deen d'lescht Woch geholl gouf, ass elo de Wee fräi fir eng d'Referendumsprozedur, onofhängeg vum Parlament. An – o Wonner – mëttlerweil och schonn declenchéiert ginn.

Virum Vott hätt nach d'Chance bestanen, déi véier Deelreformen an een Text ze verschmëlzen, mat dann engem eenzege Vott mat uschléissendem Referendum.

Elo ass eng Dynamik mat engem virgeschriwwenen Timing lassgetrëppelt ginn, dee riskéiert an engem allgemenge Kuddelmuddel vun Deelreferenden, ënnerzegoen.

Amplaz den Ausgang vun enger dubiéiser Chamberspetitioun oder der lo startender Ënnerschrëftesammlung ofzewaarden, misst et dach 15 plus een Deputéierte ginn – och a virun allem aus der Majoritéit -, déi elo dem ganze Spuk en Enn maachen, an iwwert de Chambers-Wee e Referendum declenchéieren.

Da brauche mer net op d'CSV ze waarden, egal ob déi am gaangen ass, no vir, no hannen oder soss enzwousch ze sprangen.