An der Carte blanche vum Mëttwoch beschäftegt de René Winkin sech mat den aktuelle Problemer an de Liwwerketten. Hie freet sech, ob mir ons länger op feelend oder verdeiert Produkter mussen astellen.

Zanter ee puer Méint héiere mer ëmmer rëm vu Produkter, déi net geliwwert kënne ginn an déi, wann se dann eemol disponibel sinn, vill méi deier verkaaft ginn. D’Corona-Restriktiounen an hier bremsend Auswierkungen op d’Wirtschaft sinn ee Grond dofir, ma sécherlech net deen eenzegen.

Carte Blanche vum René Winkin

D’Problemer an de Liwwerketten hunn an Tëschenzäit längst eng eegen Dynamik kritt. Well vill Aktivitéite staark matenee vernetzt sinn, kënnt et ëmmer nees dozou, dass eng betraffen Industrie ee puer anerer ausbremst, respektiv mat verdeiert. Et kënnt erschwéierend dobäi, dass zanter dësem Fréijoer d’Energiepräisser staark um klamme sinn an d’Energie-Produkter och net méi sou liicht verfügbar sinn. Doropshi gesinn energieintensiv Hiersteller sech encouragéiert oder souguer gezwongen, hir Produktioun erofzefueren. Dat féiert zu neien Ausfäll an esou bäisst sech d’Kaz an de Schwanz.

Et gesäit aus, wéi wann déi steigend Präisser net onbedéngt zu manner Nofro féieren, wat d’Lag berouege géif. Wärend dem Lockdown gouf Kafkraaft ugeheeft. Dobäi komme bedeitend Programmer an Europa, wou massiv Gelder an déi noutwendeg Energietransformatioun an an d’Digitalisatioun investéiert ginn. Wann d’Lounspiral da bis eemol ufänkt ze dréinen, da gëtt d’Nofro nach méi opgeblosen an zousätzlech Präisser ginn erop. Lëtzebuerg huet dat jo schonn emol virexercéiert.

Wat sinn d’Perspektiven op Säit vun der Offer?

Et duerf een dovunner ausgoen, dass d’Liwwerkette sech vun den aktuelle Perturbatiounen erhuelen, och wann dat a verschidde Branche bis 2023 kann daueren.

Ma ass et domadder gedoen? Ech fäerten net. Well am Schied vun deene Perturbatioune leeft nach eng aner Agenda, déi eis nach iwwer Jore begleede wäert an déi och erkläert, firwat mir haut an Europa deels scho méi héije Präisser ausgesat si wéi aner Géigenden.

Ech schwätze vu politesch gewollten Aschränkungen oder Prozeduren, déi d’Offer méi nohalteg reduzéieren. D'Stéchwierder hei si Klimaschutz, Atomausstig, Embargoen oder deemnächst een - hoffentlech europäescht - Liwwerkettegesetz. Et geet mir hei net drëm, déi Politicken ze bewäerten. Ech well awer drop hiweisen, dass et net just duergeet, Saachen ze verbidden oder ze verdeieren, et brauch och valabel Alternativen. Soss gi Knappheet an Deierecht zu chronesche Problemer an erfuerdere Verzicht. A Saachen Energie zum Beispill ass et sécherlech richteg, dass déi Erneierbar eemol d’Relève huelen, bëlleg, well deels ouni Marginalkäschten, wéi de Rifkin et erkläert huet. Leider si mir nach laang net do. Au contraire: mir lafen hannendrun an d’Konsequenzen dovunner ginn ëmmer méi apparent.

Et gehéiert haut leider zum gudde politeschen Toun fir déi Zort Konsequenzen ënner den Teppech ze kieren an, sou laang et geet, de Leit Wonschwelte virzemolen. Ma wann déi gemässegt Regierungen oder Parteien déi ekonomesch a sozial Auswierkunge vun hire gutt gemengte Politicken net antizipéieren an net oppen an erklärend domadder ëmginn, da këmmeren aner Parteien sech dorëms - an dat kann zu Revirementer féieren, déi net wënschenswäert sinn.