Haut a muer sti vill Leit op de Griewer an erliewen eng Kierch, déi sech ëm déi Doudeg këmmert. Mä wéi këmmert d‘Kierch sech zur Zäit ëm déi Lieweg? Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

Carte Blanche vum Georges Hellinghausen

Stéchwuert „synodal Kierch“! De Poopst François huet fir 2023 eng Synod, eng grouss Bëschofsversammlung, ageruff. Déi soll ebe just iwwer d’Synodalitéit beroden, dat heescht d’Participatioun vun alle Gedeeften an der Kierch sprochräif maachen an nei op d’Schinn setzen. Allerdéngs net vun uewen no ënnen dekretéiert, mä vun ënnen erop, bottom-up also!

Och an eiser Diözes Lëtzebuerg leeft dee Prozess un a wäert déi verschidde Gruppéierunge vu Kierch wéi Paren a kierchlech Reseauen déi nächst Méint beschäftegen, an – wie weess – dynamiséieren. Si sollen sech aktiv abréngen. Dat Ganzt gëtt gesammelt a syntheetesch festgehalen. Mëtt dës nächste Joer geet dann déi kontinental Phas vun der Synod un, wou all Kontinent seng Vuen eragëtt. An 2023 gëtt schliisslech zu Roum d‘Synod fir d’ganz Weltkierch ofgehalen.

Déi diözesan Phas ass wuel kee Wonschconcert, wou no Lust und Laune ëmgestülpt gi soll. De Konsultatiounsprozess soll awer, vun enger bestëmmter Methodologie ausgehend, opweisen, wat dësen Ablack déi grouss Defië fir d’Kierch sinn, och nach „Zeeche vun der Zäit“ genannt. Net Dokumenter solle produzéiert, mä Dreem, Visiounen, Hoffnunge formuléiert, Vertrauen opgebaut a Blesse geheelt ginn. E spirituelle Wee vu Bekéierung an Erneierung, „l’art de la rencontre et de la fraternité“.

Net nëmme Katholicke sinn invitéiert, sech gemeinschaftlech oder perséinlech ze äusseren, ma och déi, déi net méi derbäi sinn oder ni derbäi waren. Wéi gesi si d’Kierch a wat proposéiere si, fir dass d’Kierch méi authentesch ka ginn? Konstruktiv Äntwerten heirop si wëllkomm.

Dëse synodale Prozess soll e gemeinsame Wee si vu Vollek Gottes an Hierarchie, déi openaner zouginn a matenee ginn, learning by doing, enger Zukunft entgéint, déi hei an elo ufänkt. D’Kierch, déi soss als autoritär an hierarchesch verschrien ass, wiesselt déi Kéier radikal d’Method a gëtt participativ, kollaborativ a relational – eng kleng Revolutioun am Sënn vum Evangelium. Fir déi nei Guideline ze fannen, geet et drëm, salopp gesot, „dem Volk aufs Maul zu schauen“. Oder e bësse méi fein ausgedréckt: „Vox populi, vox Dei.“

Affaire à suivre.

Georges Hellinghausen