Jo d'Situatioun ass komplex. A Komplexitéit ass ustrengend. Mir versichen et "handle"-bar ze maachen, andeems mir verallgemengeren. Et sinn déi Gutt géint déi Béiss. Eng Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff, enger Infirmière a Fleegewëssenschaftlerin, déi eng grouss Befürwörtnerin ass vun differenzéierten Diskussiounen, well d'Welt net sou schwaarz-wäiss ass, wéi se schéngt.

Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff

Eng Risikoaschätzung, déi op Emotiounen berout, ass net ganz zouverlässeg. Als Beispill nennt de Fuerscher fir Risikokompetenz, Gerd Gigerenzer 9/11. No dem Evenement hunn d'Leit sech aus Angscht géint Reese mam Fliger a fir Reese mam Auto decidéiert. Onfallstatistike weisen: Grad doduerch si méi Leit ëm d'Liewe komm, wéi wa si de Fliger geholl hätten. Dat nämmlecht gëllt fir d'Angscht virun Terroristen. Déi meeschte Leit ginn duerch hire Partner ëmbruecht, an net duerch en Terrorist. Déi Leit, mat deene mir zesumme wunnen, sinn also déi, vun deene mir Angscht missten hunn.

Emotioune schéngen also zu irrationalen Entscheedungen ze féieren. Wéi gesäit et bei der Impfung aus?
Duerch déi héich ustiechend Delta-Variant gi mir virun d'Entscheedung gestallt: Sech infizéieren oder impfen? Léist ee sech net impfen, kënnt een net méi laanscht eng Infektioun. Bei der Impfung schwätze mir vun enger Gefor vu Spéitfolgen duerch d'Impfung, déi onwarscheinlechen a seele sinn. Beim Covid ass dat allerdéngs ganz gutt dokumentéiert. Et gi ganz konkret Spéitfolge vun der Virusinfektioun, och fir gesond Leit. Dozou gehéiere den Long-Covid, de Gerochssënn ze verléieren, asw... Dat ass bei der Impfung alles net de Fall. An deenen heefege Spéitfolgen duerch de Covid an den noutwendegen intensive Soins op den Intensivstatioune mat all senge Konsequenzen (kënschtlech Beootmung, Sedatioun, staark Medikamenter mat Niewewierkungen,...), stinn déi manner heefeg Komplikatiounen a rar Spéitfolgen duerch d'Impfung, déi eventuell optriede kéinten, géigeniwwer.

Kuckt ee sech d'Zuelen un a vergläicht Risiken, déi och vergläichbar sinn, da gesäit een déi kloer Virdeeler vun enger Impfung: Et gi méi Leit duerch de Covid schwéier krank ewéi duerch d'Impfung. An et stierwen och méi Leit duerch de Covid ewéi duerch d'Impfung. Egal wéi een Alter oder Geschlecht se hunn.

D'Wëssenschaft hëlleft also den Iwwerbléck ze halen an dofir muss hir Onofhängegkeet weiderhi séchergestallt sinn, si muss hannerfroe kënnen an hir Resultater a Methode mussen transparent diskutéiert kënne ginn. Egal, a wéi eng Richtung se weisen.

An trotz allem wäerten Onsécherheete bleiwen. Mir wäerten ëmmer nees mat neie wëssenschaftlechen Erkenntnisser konfrontéiert ginn. Eppes, wou een sech haut sécher ass, ka muer nees aneschters sinn. An mir sollte léieren, mat dëser Ongewëssheet ze liewen, net ze staark op eiser Positioun ze beharren, mä oppe fir nei Erkenntnisser ze bleiwen an et sech selwer an aneren ze erliichteren, d'Positioun och emol ze änneren, ouni säi Gesiicht ze verléieren. An dat gëllt fir déi eng ewéi fir déi aner.

Quellen

Cooper, S. ; Schmidt, BM. ; Sambala, E. Z.; Swartz, A.; Colvin, CJ.; Leon, N. & Charles S. (2021). Les facteurs qui influencent les opinions et les pratiques des parents et des aidants informels concernant la vaccination systématique des enfants: une synthèse des données probantes qualitatives. Cochrane Database of Systematic Reviews. URL : https://www.cochranelibrary.com/cdsr/doi/10.1002/14651858.CD013265.pub2/full/fr#CD013265-abs-0004 (Zougrëff, den 04.11.2021)

Direction de la santé (2018). Enquête de couverture vaccinale 2018 au grand-duché de Luxembourg. URL : https://sante.public.lu/fr/publications/e/enquete-couverture-vaccinale-lux-2018/enquete-couverture-vaccinale-2018.pdf (Zougrëff, den 04.11.2021)

Koczulla, AR.; Ankermann, T.; Behrends, U. ; Berlit, P. ; Böing, S. ; Brinkmann, F.; Franke, C.; Glöckl, R.; Gogoll, C.; Hummel, T.; Kronsbein, J.; Maibaum, T.; Peters, EMJ.; Pfeifer, M. ; Platz, T ; Pletz, M. ; Pongratz, G. ; Powitz, F. ; Rabe, KF. ; Scheibenbogen C. ; Stallmach, A. ; Stegbauer, M. ; Wagner, HO. ; Waller, C. ; Wirtz, H. ; Zeiher, A. & Zwick, R. (2021) S1-Leitlinie Post-COVID/Long-COVID. URL : https://www.awmf.org/uploads/tx_szleitlinien/020-027l_S1_Post_COVID_Long_COVID_2021-07.pdf (Zougrëff: 05.11.2021)

Gigerenzer, Gerd (2013). Risiko: Wie man die richtigen Entscheidungen trifft. C. Bertelsmann Verlag: München
Simonsen, Sandra (2021). Virologin erklärt. "Es wird ein anderes 3G geben: geimpft, genesen, gestorben" URL: https://www.t-online.de/gesundheit/krankheiten-symptome/id_90848690/tid_amp/corona-krise-virologin-jana-schroeder-macht-hoffnung-auf-ende-der-pandemie.html?__twitter_impression=true&s=04&fbclid=IwAR1mpQl2bjIj8119qzqCdxnJa9SU3js9G8_DHe6uXzYLW-Psvp7vDMFUyYE (Zougrëff: 05.11.2021)

Winton Centre for Risk and Evidence Communication (2021). Communicating the potential benefits and harms of the Astra-Zeneca COVID-19 vaccine. URL: https://wintoncentre.maths.cam.ac.uk/news/communicating-potential-benefits-and-harms-astra-zeneca-covid-19-vaccine/ (Zougrëff: 05.11.2021)