Fir de fréieren LSAP-Minister an Europadeputéierte Robert Goebbels ass dem Minister Meisch säin "Veggi-Day" an de Schoulen eng Attack op d'Fräiheet vun de Schüler, sech ze ernären, wéi si dat wëllen.

Carte Blache vum Robert Goebbels

De Schoul-Minister Claude Meisch ass theoretesch e Liberalen. Hie misst also dofir antrieden, dass d’Bierger, a besonnesch déi Jonk, e fräie Choix hunn, fir hiert Liewen ze gestalten.

Besonnesch fir fräi ze entscheeden, wéi si sech ernäre wëllen. Wat se iesse wëllen.

Awer de Minister Meisch huet elo selbstherrlech decidéiert, dass an de Schoulkantinne méindes kee Fleesch méi däerf zerwéiert ginn. E "Veggi-Day" ass vläicht an den Ae vu munchen näischt Schlëmmes.

Dach ass et e staatlechen Agrëff an d’Fräiheet vun de Bierger, sech esou ze ernären, wéi si dat wëllen.

Et erënnert fatal un de Fleeschverbuet fir freides, deen d’kathoulesch Kierch an der Zäit de Gleewegen imposéiert huet.

Jiddereen huet d’Recht fir kee Fleesch oder keng Mëllech-Produkter z'iessen. Et ass e respektabele Choix, fir sech just vegetaresch oder just vegan ze ernären. Mais dat soll e perséinleche Choix bleiwen an däerf net aneren opgezwongen ginn.

Just dat mécht de pseudo-liberale Minister Meisch mat sengem "Veggi-Day". Hie léisst de Schüler kee Choix.

Dass Schoul-Kantinnen all Dag eng méiglechst variéiert Offer un Uebst, Geméis awer och Fësch a Fleesch ubidden, misst eng Selbstverständlechkeet sinn. Mä dass de Minister de Menü virschreift a Fleesch verbitt, a sief dat bis elo nëmmen een Dag an der Woch, ass net akzeptabel. A gëtt glécklecherweis vun de Schüler och net akzeptéiert.

Ech liewen net wäit ewech vum Campus Geesseknäppchen. Wou et eng zentral Kantin fir verschidde Lycéeë gëtt. Wann ech an der Mëttesstonn am Quartier Merel-Belair ënnerwee sinn, gesinn ech iwwerall Gruppe vun Schüler, déi sech alimentéiere wéi si et wëllen. Déi eng sti Schlaang bei engem Bäcker oder Metzler. Déi aner kafe sech an engem Restaurant italienescht oder chineesescht Iessen. Oder si kafen an engem Supermarché fäerdeg Produkter a vill Séissegkeeten.

Besonnesch beléift schéngen Döner-Buden ze sinn. Net grad vegetaresch Tempelen.

Perfid ass d’Argumentatioun an de Kantinne missten Lëtztebuerger Produkter favoriséiert ginn. Déi eenzeg Liewensmëttele mat deenen onst Land sech selwer ernäre kéint, si Fleesch- a Mëllech-Produkter. Genau déi verbitt de Minister.
 
Här Minister Meisch. Loosst d'Fangeren ewech vum Menü vun onse Kanner.