De Marc Limpach mat enger Carte blanche iwwert den digitale Strukturwandel vun der politescher Ëffentlechkeet an d'Reguléierung vun de soziale Medien…

Carte Blanche vum Marc Limpach

1962 huet de Jürgen Habermas de sougenannte „Strukturwandel“ vun der politescher Ëffentlechkeet fir d'éischt ënnersicht. Eng erstaunlech Revisioun vu senger Theorie kann een elo - no ronn 60 Joer - an engem rezenten Aufsatz vum renomméierte Philosoph noliesen.[1] Den 92 Joer alen Habermas erkennt, dass déi privat Entreprisen Twitter, Facebook, Instagram a Co. de fräien a rationalen Austausch vun Argumenter net garantéieren, mä éischter sabotéieren. Den digitale Kaméidi op de soziale Medie féiert eben net zu engem skeptesche Vernonftbegrëff an zur Selbstreflexioun, mä déi Plattforme wierke virun allem als emotional an tribalistesch Echokummeren an enger ëmmer méi fragmentéierter Ëffentlechkeet.

Wat den Habermas am héijen Alter nach theoretesch ze verschaffe versicht, erkläert eng fréier Mataarbechterin vu Facebook, als Whistleblowerin, ganz praktesch - notamment virun e puer Deeg am Europaparlament: Profit an Aktiewäert stinn iwwert der Sécherheet vum User an dem „bien commun“. Déi sozial Medie sinn zu engem systemesche Risiko fir d‘Demokratie ginn a musse reguléiert ginn. D’Fro nom US-Kartellrecht stellt sech, grad elo wou de Facebook-Chef och nach säin eegene „Metaversum“ schafe wëll. D‘Europäesch Kommissioun huet virun engem Joer zwee normativ Texter proposéiert[2] – awer ville Kritiker ginn déi Virschléi net wäit genuch. Entscheedend ass méi Transparenz, dass User iwwert déi benotzten Algorithmen an de Profiling selwer entscheede kënnen, d‘Méiglechkeet vun effiziente Reklamatiounen oder finanzielle Sanktiounen asw. En europäeschen „Aktiounsplang fir Demokratie“ soll nokommen. A Frankräich gouf schonn Enn September eng Kommissioun mam schéine Numm „Les Lumières à l'ère numérique“ gegrënnt. E wichtegen Debat, deen oppen a kontrovers sollt gefouert ginn.

Den Habermas verweist donieft och op d’Wichtegkeet vum Qualitéitsjournalismus, als Filter géint Desinformatioun[3] an d’Méiglechkeet, Experten eng héierbar Stëmm am verëffentlechten Discours ze ginn.[4] Dofir brauch et awer och Bierger, déi bereet sinn, Zäit ze investéieren, fir sech ze informéieren, déi eben net an hirem Cyber-Ghetto setze bleiwen, mä och quellekritesch a selbstkritesch hir Reflexiounen hannerfroen… Wéi zanter der Opklärung am 18. Joerhonnert ëmmer erëm ënnerstrach, sinn Educatioun a gedeelte faktuell Informatiounen, d’Viraussetzung, dass eis Demokratie iwwerhaapt funktionéiere kann[5]. D‘Verbreede vun Desinformatioun ass eng grouss Gefor, grad elo, wou mer fundamentalen Erausfuerderunge gemeinsam géintiwwerstinn - Stéchwuert Klimakris. Den allgemengen Interessi u rationalen Argumenter ass fundamental fir demokratesch Léisunge kënnen ze fannen, a fir dass net, déi méiglech negativ Konsequenz aus dem Böckenförde sengem berüümten Diktum[6] zu eiser zukünfteger Realitéit gëtt.


[1] Jürgen Habermas: »Überlegungen und Hypothesen zu einem erneuten Strukturwandel der politischen Öffentlichkeit.« In: Martin Seeliger / Sebastian Sevignani (Hg.): Ein neuer Strukturwandel der Öffentlichkeit?, Sonderband Leviathan Nr. 37, Jg. 49 (2021), 498 Säiten. Dräi bestëmmend Aflëss hunn den ëffentlechen Diskurs zanter den 1960er Joren geännert: (i) d’Globaliséierung, (ii) d‘Kommodifizéierung vu Noriichten an Daten an (iii) d’Digitaliséierung.

[2] Digital Services Act (DSA) / Digital Markets Act (DMA) vum Dezember 2020.

[3] De Medium Zeitung u sech, ass eleng natierlech och nach keng Garantie fir Qualitéit: denke mer just un d’Verwécklung vun de Fellner-Bridder hirem Organ „Österreich“ an de Kurz-Skandal, de Medienverleger Dirk Ippen, deen d’Recherchen vu sengen eegene Journalisten iwwert de Bild-Chef Julian Reichelt gestoppt huet, oder e groussen Deel vun der geschriwwener englescher Presse am Kontext vum Brexit…

[4] Als positiivt Beispill kann een den exzellenten Interview mam Intensivmedizinner Jean Reuter aus dem CHL am Lëtzebuerger Land vu leschter Woch (5. November) nennen, dee vill op de soziale Medien gedeelt gouf.

[5] Condorcet : Cinq mémoires sur l’instruction publique (1791), Charles Coutel et Catherine Kintzler (éd.). Paris : Garnier-Flammarion, 1994.

[6] »[…] der freiheitliche, säkularisierte Staat lebt von Voraussetzungen, die er selbst nicht garantieren kann«, aus Ernst-Wolfgang Böckenförde: »Die Entstehung des Staates als Vorgang der Säkularisation« (1967). In: Recht, Staat, Freiheit. Studien zur Rechtsphilosophie, Staatstheorie und Verfassungsgeschichte, Frankfurt am Main: Suhrkamp, 1991.